Sonndes den 23. Mäerz kënnt d'Queen-Tribute-Band Queen Extravaganza bei eis op Lëtzebuerg an den Atelier!

20/03/2025 Queen Extravaganza @ den Atelier

Queen Extravaganza ass déi eenzeg offiziell Queen-Tribute-Band, produzéiert vum Roger Taylor a Brian May. D'Membere vun der Formatioun goufe vum Roger Taylor héchstperséinlech selectionnéiert. Queen Extravaganza bréngen hire "kind of magic" dëst Joer zeréck op Büne queesch duerch Europa. Si feieren d'Legacy vu Queen a virun allem 50 Joer "Bohemian Rhapsody".

An där spektakulärer Show erwaarden iech iwwer 20 vun deene gréissten a beléiftste Queen-Hits: "We Will Rock You", "We Are The Champions", "Radio Ga Ga", "Killer Queen" oder "Crazy Little Thing Called Love". Mat hirer Spillfreed an den authentesche Performances hu Queen Extravaganza de Respekt an d'Léift vu Queen-Fans weltwäit verdéngt. D'Band huet am Laf vun hirer Karriär honnerten ausverkaafte Shows gespillt.