Muer kommen The Kolors bei eis op Lëtzebuerg an den Atelier!

24/03/2025 The Kolors @ den Atelier

The Kolors hunn hiren Ursprong an der Underground-Club-Zeen vu Mailand. Nom Release vun der Debut-Single kritt d'Band d'Méiglechkeet bei Concerten an Italien als Opening-Act fir de Paolo Nutini, Gossip an Hurts ze spillen. Den Duerchbroch an hirem Heemechtsland geléngt dem Stash, Alex an Dario mam Gewënn vun "Amici", där gréisster TV-Talentshow an Italien. Dorop kënnt den Debut-Album "Out", deen et fir zwielef Wochen hannerteneen op d'Plaz 1 vun den italieeneschen Albumcharts packt - e Rekord fir eng Band.

An de Joer duerno bréngen The Kolors Musek op Italieenesch eraus an dominéieren d'Radio-Playlists mat Lidder ewéi "Frida (mai mai mai)", "Pensare male" oder "Cabriolet Panorama". Nodeems si 2023 e Plackevertrag bei Warner Music Italy ënnerschreiwen, releasen The Kolors hire bis elo gréissten Hit "ITALODISCO" a packen et domat iwwer Italien eraus zu absolutte Stars an Europa ze ginn.

The Kolors haten och schonn e puer Mol déi grouss Éier um prestigiéise Festival zu Sanremo opzetrieden. D'lescht Joer hunn d'Museker do zum Beispill d'Lidd "UN RAGAZZO UNA RAGAZZA" presentéiert. Virun zéng Deeg hunn The Kolors zu Sanremo hir ganz nei Single "TU CON CHI FAI L'AMORE" erausbruecht - hoffentlech kënnt da geschwënn och een neien Album!