... 119 Joer loossen d'Englänner Henry Royce an Charles Rolls hir nei gegrënnte Firma Rolls-Royce zu Manchester registréieren. 1911 kréien hir Luxusautoen eng Külerfigur mam Numm Spirit of Ecstacy. Donieft bauen, si bis haut, Motoren an Turbinne fir Fligeren.

15/03/2025 Haut virun...

Wärend de sougenannten Ide vum Mäerz gëtt 44 v. Chr. de Julius Cäsar ëmbruecht. Dem réimeschen Diktator seng Muecht ass enger Rei vu senge Senateuren en Dar am Aen. Ronn 60 Mann hu sech géint hie verschwuer. Seng lescht Wieder un ee vun de Mäerder Marcus Brutus solle gewiescht sinn: "Och du, mäi Jong?" Di Responsabel kréie nach de selwechten Dag hir Dot erlooss.

Um Broadway zu New York ass et 1956 di alleréischt Opféierung vum Musical My Fair Lady. Méi wéi 6 Joer laang gëtt d'Stéck duerno op d'mannst 1x den Dag gespillt. 1964 kënnt My Fair Lady och an de Kino. D'Haaptroll vun der Eliza Dolittle spillt d'Audrey Hepburn.

1972 ass et d'Uropféierung vum Francis Ford Coppola sengem Mafiafilm The Godfather. Marlon Brando an Al Pacino spillen d'Haaptrollen - de Film gëtt fir 11 Oscare nominéiert a gewënnt der 3. Am Ganze gëtt et och 3 Godfather-Filmer, woubäi Deel 1 an 2 zu de renomméiertste Wierker aus der Filmgeschicht zielen.

1991 geet di däitsch Nokrichszäit op en Enn, wéi de sougenannten Zwei-plus-Vier-Vertrag a Kraaft trëtt. BRD an DDR si rëm e vereenegt Land, dat seng Grenzen unerkennt a vun den Alliéierten och di vëlkerrechtlech Souveränitéit zréck krit. Domat ginn d'Rechter a Flichten vun de 4 Besatzungsmuechten an Däitschland op en Enn.

No Korruptiounsvirwërf géint di franséisch Kommissärin Edith Cresson trëtt 1999 di Europäesch Kommissioun, mam Jacques Santer als President, geschlossen zeréck. An der Iwwergangskommissioun, an där de Santer mat sengem Vizepresident Manuel Marin d'Posten tauscht, bleift soss alles beim Alen. Réischt mat der Kommissioun Prodi, déi Enn des Joers ufänkt, gi nei Membere genannt.

Am Kader vum Arabesche Fréijoer fänken 2011 a Syrien friddlech Protester un géint den autoritäre Regimm vum Baschar Al-Assad. An der Suite kënnt et zum arméierte Konflikt tëscht verschiddene Landesgruppen, an Drëttlänner mat eegenen Interessie mëschen sech och an. Obwuel de Regimm Enn 2024 gestierzt ka ginn, ass de Biergerkrich nach ëmmer net wierklech eriwwer.

Zesumme kann een eppes bewierken - haut viru 6 Joer gi weltwäit ronn 1.7 Millioune Schüler net an d'Schoul, mee op d'Strooss. Ënnert dem Motto Fridays for Future demonstréiere si fir e bessere Klimaschutz. Si fuerderen ë.a., dass d'Ziler déi 2015 op der COP21 zu Paräis beschloss gi waren, agehale ginn.