... 195 Joer huet d'Bourse zu New York de geréngsten Dagesëmsaz an hirer Geschicht ze verzeechnen. Vun 80 Milliounen Aktien, déi op der Stock Exchange opgelëscht sinn, ginn der nëmmen 31 gehandelt.

15/03/2025 Haut virun...

Zu Paräis presentéiert de Victor Hugo 1831 säi Roman Notre Dame de Paris. Am Mëttelpunkt steet d'Kathedral an der franséischer Haaptstad an dem Personnage Quasimodo säi Wierken dodran als Glöckner vu Notre-Dame. Den Hugo gëtt scho kuerz nom Erschénge vu senger Geschicht als Shakespeare vum Roman gefeiert.

1910 gëtt en neie Vitessweltrekord opgestallt. Den Amerikaner Barney Oldfield fiert op der Plage vun Daytona mat sengem Lightning Benz iwwert 1 Kilometer mat enger Moyenne vun 211.23 km/h. Hie krit duerno de Spëtznumm Speed King, mee säi Rekord gëtt net direkt unerkannt, an e Joer méi spéit fiert een anere Pilot mat deem selwechten Auto nach méi séier wéi den Oldfield.

Fir hir Statistik opzebesseren bréngen amerikanesch Zaldote 1968 wärend dem Vietnamkrich am Duerf My Lai méi wéi 500 Awunner ëm. Si soen, et wiere Membere vum Vietcong gewiescht. Réischt wéi en Helikopterpilot agräift, hale se op mam Massaker, dat duerno vertuscht gëtt. 14 Méint méi spéit kënnt et eraus an di ëffentlech Haltung zu deem Krich fänkt un sech ze änneren.

Di irakesch Loftwaff flitt 1988 wärend dem Éischte Golfkrich eng Gëftgasattack op eng Stad am Nordoste vum Irak, an där haaptsächlech Kurde liewen an déi vun den Iraner ageholl ginn ass. Ronn 5000 Leit kommen dobäi ëm d'Liewen, méi wéi 7000 droe bleiwend Schied dovun. Ugangs kréien d'Iraner d'Schold un deem Ugrëff, dee keen Eenzelfall ass, zougeschoustert.

RTL

© Pixabay

1994 gëtt di amerikanesch Äisleeferin Tonya Harding wéinst Behënnerung vun der Justiz zu 100.000 Dollar Strof an 3 Joer Prisong op Sursis verurteelt. Doduerch verléiert si hir Lizenz an dierf d'USA net méi bei Kompetitioune vertrieden. D'Harding hat sech schëlleg bekannt, an d'Attack op hir Konkurrentin Nancy Kerrigan involvéiert gewiescht ze sinn.

Haut viru 25 Joer verkeeft Benetton Formula fir 120 Milliounen Dollar seng Formel-1-Ecurie u Renault, déi bis 2009 domat weiderfueren. No 5 Joer Paus komme se 2016 zréck a ginn 2021 an Alpine ëmbenannt. Erfollegräichste Pilot an där ganzer Zäit ass de Fernando Alonso mat 2 WM-Titelen.

Haut ass den Dag vun der Informatiounsfräiheet. Um 16. Mäerz 1751 kënnt den James Madison, véierte President vun den USA an ee vun de Grënnerpappe vun de Vereenegte Staaten, op d'Welt. Der Iddi vun der Opklärung verflicht, gëtt hien den Auteur vun groussen Deeler vun der amerikanescher Verfassung, an hien entwërft och d'Bill of Rights.