
E Mëttwoch leeft hei zu Lëtzebuerg d'Neiverfilmung vum Disney sengem "Schneewittchen und die 7 Zwerge" aus dem Joer 1937 am Kino un. Ëm wat et hei geet an op wat ee sech hei astelle kann, weess d'Nicky Soisson.
USO: E Mëttwoch leeft hei zu Lëtzebuerg d'Neiverfilmung vum Disney sengem "Schneewittchen und die 7 Zwerge" aus dem Joer 1937 am Kino un. Ëm wat et hei geet an op wat ee sech hei astelle kann, weess d'Nicky Soisson.
D'Schneewittchen verléiert seng Mamm schonn als Puppelchen a gëtt dono vu sengem Papp, dem Kinnek, an deem senger neier Fra erzunn. Ma wat d'Schneewittche méi al gëtt, wat seng Stéifmamm ëmmer méi jalous op d'Schéinheet vum Meedche gëtt.
Wéi den Zauberspigel der béiser Kinnigin matdeelt, dass d'Schneewittchen déi schéinste Fra am ganze Land wäert sinn, schéckt si hier Stéifduechter mat engem Jeeër an de Bësch fir hatt ëmzebréngen. Ma de Mann huet Matleed a léist dat jonkt Meedche lafen. An esou ass d'Schneewittchen hannert de 7 Bierger bei de 7 Zwerge gelant déi et bei sech ophuelen.
Mam Schneewittchen, Snow White am engleschen Original, hunn d'Disney Studioen hiren éischten animéierten Kino-Film "Schneewittchen und die 7 Zwerge" aus dem Joer 1937 als Live-Action-Versioun nei opgeluecht. De Realfilm ass nieft "Cinderella", "The Jungle Book" an "Die Schöne und das Biest" e weidere Film bei deem de Klassiker mat reelle Schauspiller fir de groussen Ecran ëmgesat goufen.
An der Haaptroll vum Schneewittchen fënnt een d'Rachel Zegler, eng 24 Joer al amerikanesch Schauspillerin déi well ënnert anerem 2021 am Steven Spielberg sengem Kino Musical "West Side Story" begeeschtert huet. Als Schneewittchen huet d'Schauspillerin allerdéngs well deen een oder anere Shitstorm missten iwwert sech ergoe loossen. Dat well et duerch seng kolumbianesch Originnen vun der Hautfaarf hier elo net där vum Haaptpersonnage aus dem Märchen gläicht.
Donieft goufen et och Diskussioune ronderëm d'Representatioun vun de 7 Zwerge well Disney sech hei fir animéiert Personnagen am 3D entscheet huet aplaz kleinwüchseg Schauspiller ze engagéieren.