
© Pixabay
... 180 Joer krit de Britt Stephen Perry e Patent op seng Erfindung vum Lastik. Well se haut aus vulkaniséiertem Gummi bestinn, si se méi elastesch a gi net esou séier futti wéi deemools. Nach méi laang halen d'Lastiker, wa se kill gelagert sinn.
Haut virun 117 Joer geléngt a Groussbritannien déi éischt Arrestatioun mat Hëllef vun der deemools ganz neier Bildtelegrafie. E Fransous dee Bijoue geklaut hat, kann erwëscht ginn, nodeems eng Zeitung eng Foto vun him ofgedréckt hat, déi kuerz virdru vu Paräis op London telegraféiert gi war. Déi Technik ass also quasi den Ururgrousspapp vu WhatsApp a Co.

© Pixabay
10 Deeg, nodeems di Alliéiert 1945 di faméis Bréck vu Remagen ageholl haten, fält se haut virun 80 Joer zesummen an an de Rhäin. 32 amerikanesch Pionéier, déi dee Moment un der Bréck schaffen, kommen dobäi ëm d'Liewen. An de Bréckentierm, déi iwwreg bleiwen, ass haut e Musée dran.
1958 schéissen d'Amerikaner mam Vanguard 1 dee 4. Satellit iwwerhaapt an de Weltall. Dësen ass awer deen éischten, dee mat Hëllef vu senge Solarzelle bedriwwe gëtt, an esou warscheinlech nach 180 Joer laang Daten op d'Äerd wäert kënne schécken. Vanguard 1 huet en Duerchmiesser vu grad emol 15cm, an ass deen eelste kënschtlechen Objet am Weltraum.
1959 ass et di éischt Löwenverleihung vu Radio Luxemburg, an där bis 1995 di erfollegräichste Kënschtler aus der Hitparad geéiert ginn. Ënnert den éischte Gewënner sinn d'Cornelia Froboess an de Peter Kraus. Den RTL-Léiw ass 26cm héich, weit mat Sockel 2.5kg an ass vum Lëtzebuerger Moler a Sculpteur Auguste Trémont entworf ginn. Erfinder vun der Löwenverleihung ass ënnert anerem de Camillo Felgen.
Bei engem Doppingtest kënnt 1991 eraus, dass de Futtballstar Diego Maradona Kokain geholl huet. Säi Kontrakt beim SSC Neapel gëtt opgeléist, an den Argentinier gëtt fir 15 Méint gespaart. Et sollt net di leschte Kéier bleiwen...
Bei engem Referendum a Südafrika si 1992 68,7 Prozent vun der wäisser Populatioun fir d'Ofschafe vun der Apartheid. De Präsident Frederik de Klerk kann esou seng Politik fir d'Enn vun der Rassentrennung poursuivéieren. Di weider Verhandlunge féieren 2 Joer méi spéit schlussendlech zu den éischte Walen, fir déi all Südafrikaner berechtegt sinn, hir Stëmm ofzeginn.
1994 ass de Finn Toni Nieminen deen éischte Skisprénger, dee méi wéi 200m wäit flitt. Zu Planica a Slowenien geléngt him en erfollegräiche Sprong op 203m - entretemps läit de Weltrekord bei 253.5m, virun 8 Joer opgestallt vum Éisträicher Stefan Kraft.