
© Brian BAHR / AFP
... 30 Joer annoncéiert de Michael Jordan säi Comeback an der NBA. Mat den einfache Wierder "I'm back." versetzt den exzeptionelle Basketspiller vun den Chicago Bulls déi ganz Sportswelt an Extas, nodeems en e gutt Joer virdrun eigentlech zeréckgetruede war.
De franséische Philosoph a Mathematiker Blaise Pascal grënnt 1662 zu Paräis eng Entreprise, déi mat hire Päerdskutschen de weltwäiten Ufank vum Persounentransport markéiert. Les carrosses à cing sols (gefouert gi fir 5 Sou) verbanne verschidde Quartiere vu Paräis mateneen. Oplage vum Parlament an Tarifstreidegkeete féiere keng 20 Joer méi spéit awer schonn zum Out vun der Entreprise.
De brittesche Generolkonsul vu Kanada Frederick Stanley stëft 1892 e Präis fir di beschten Amateur-Hockey-Ekipp am Land. Zanter 1927 geet déi Coupe - de sougenannte Stanley Cup - un de Champion vun der nordamerikanescher National Hockey League. Si ass 90cm héich a weit 20kg. Op de Sockel vum Stanley Cup ginn d'Nimm vun de Gewënnerekippen an de respektive Spiller agravéiert.
1962 ënnerschreiwe Frankräich an de Front de Libération Nationale zu Evian d'Verträg, mat deenen den Algerienkrich op en Enn geet. Den Dag drop trëtt de Waffestëllstand a Kraaft, a Frankräich entléisst dat nordafrikanescht Land an d'Onofhängegkeet.
Haut viru 60 Joer gëtt de Kosmonaut Alexei Leonow deen éischte Mënsch, deen am Weltall aus sengem Raumschëff erausklëmmt, a just vun engem Seel geséchert, duerch de Kosmos schwieft. 12 Minutten dauert den Asaz, deen de Leonow wéinst technesche Probleemer mat sengem Kostüm bal mam Liewe bezilt.
1990 sinn et an der DDR déi éischt a gläichzäiteg déi lescht fräi Parlamentswalen. Mat Ofstand stäerkste Partei gëtt d'CDU vun der DDR - d'Walbedeelegung läit bei 93.4%. Wéi BRD an DDR no knapp 6 Méint vereenegt ginn, gëtt déi Volkskammer rëm opgeléist. 113 vun de 400 Deputéierte ginn an de Bundestag matgeholl.
Verkleet als Polizisten, bréngen 2 Täter et 1990 fäerdeg, aus engem Musée zu Boston 13 Konschtwierker ze klauen. De Gesamtwäert beleeft sech op méi wéi 500 Milliounen Dollar - et ass dee gréisste Vol vu Konscht an der Geschicht vun den USA, an en ass bis haut net opgekläert ginn.
1995 gëtt dem Michael Jordan säi Comeback esou op der amerikanescher Tëlee annoncéiert: