Sech fir d'Kanner op dëser Welt asetzen an hinnen eng besser Zukunft ze bidden, dat huet sech Plan International zum Zil gesat. Dat mat Hëllef vu Parrainage vu Kanner an iwwer 55 Länner op der Welt. An dat schonn zanter gutt  80 Joer. Och hei zu Lëtzebuerg gëtt et e Grupp vu Leit déi sech fir dës Organisatioun asetzen.

24/03/2025 Aktiounsgrupp Matenee fir Kanner

Hei ass et d'Asbl "Matenee fir Kanner", eng Aktiounsgrupp déi als Missioun huet Plan méi bekannt ze maachen an Donen ze generéieren. Wat genee Plan ass, erkläert de Fränz Reuter, President vun dëser Aktiounsgrupp:

"Plan ass en internationaalt Kannerhëllefswierk, cibléiert op d'Entwécklung vun de Kanner, net politesch oder reliéis gebonnen, an ënnerstëtzt haut mat Hëllef vun 24 sougenannte „Geberlänner“ direkt Projet’en an iwwer 55 Länner an Afrika, Asien a Latäin-Amerika. All Projet’en sin op d’UNO-Kannerrechtskonventioun vun 1987 axéiert, droe sech selwer a si Klimakris gebonnen."

D'Parrainagen droen awer net nëmmen dozou bei d'Kand eleng ze ënnerstëtzen mee och seng Famill. Sou konnte scho well eng ganz Partie Projeten op d'Been gesat ginn, wéi zum Beispill dësen:

"Dat ware Kamalari Meedercher am Nepal. Do ass et esou, et ass gesetzlech verbuede mee do gi Kanner ab dem Alter vun 3 Joer u räich Famille reegelrecht verkaf fir Hausaarbechten ze maachen. A Plan huet do och e Programm gestart, dat heescht si hunn d'Kanner rëm zeréck kaf, si bei d'Famill komm. D'Famill ass och ënnerstëtzt ginn, awer mat der Oplag, dass d'Kand huet misste Moies kënnen an d'Schoul goen. An Nomëttes huet et dierfen hëllefen um Feld oder wou dann eben Aarbecht war."

Fir sech méi bekannt ze maachen an eventuell och nach weider Donen ze sammelen, organiséiert d'Asbl dëse Samschdeg eng Informatiounssëtzung. Dat am Kulturhaus “A Schommesch” zu Ueweraanwen. Hei sinn et 2 ganz bekannte Riedner vu Plan Däitschland déi erkläre wien dës Organisatioun ass a wat si maachen.

"Deen éischten dat ass den Dokter Bauch, deen hält en Exposé fir déi Leit déi Plan nach net kennen, an erkläert wien a wat Plan International ass. Dono gëtt e Plan Projet am Malawi, an Afrika, presentéiert deen engersäits d'Liewensqualitéit vun de Leit verbessert, anersäits awer och d'Leit virun der Klima-Kris schützt."

Zum Ofschloss gëtt et dann och nach e Patt bei deem flott a nëtzlech Informatiounen an Erfarungen ausgetauscht kënne ginn. Jiddereen dee sech fir de Sujet interesséiert, ass dann och ganz häerzlech invitéiert dobäi ze sinn. Dat wéi gesot dëse Samschdeg um 17 Auer am Kulturhaus "A Schommesch" zu Ueweraanwen.

A wann och Dir d'Asbl wëllt ënnerstëtzen, da kënnt Dir dat sou wuel iwwert en Don wéi awer och andeems Dir eng Hand bei Evenementer oder aner Aktioune mat upaakt. Weider Informatioune ginn et op