Telefonéieren a Videocalls mat Skype, dat wäert vu Mee un net méi méiglech sinn. Microsoft huet nämlech matgedeelt, dass dësen Internet-Programm ofgeschaaft gëtt. An domat seet Skype no 22 Joer Äddi a Merci. D’Céline Spithoven hëlt eis mat op eng kleng Rees an d’Vergaangenheet vu Skype.

14/03/2025 Skype seet Äddi a Merci 6h50

De Programm mam bloe Logo gouf 2003 vum Niklas Zennström an dem Janus Friis zu Lëtzebuerg gegrënnt. Skype war den éischten Internet-Programm, deen et de Notzer erméiglecht huet gratis iwwert den Internet ze telefonéieren, an dat souguer mat Video. De Programm huet séier u Beléiftheet gewonnen, souwuel am private wéi och am beruffleche Gebrauch. Dëst huet nämlech erméiglech uechtert d’Welt ze telefonéieren ouni sech an d’Onkäschten ze geheien. Mat Ausnam vun den Internetkäschte war Skype nämlech gratis. Géint en Oppräis konnt ee  mam Kommunikatiouns-Programm souguer Festnetz- an Handy-Nummeren uruffen.  

Skype hat a sengen Héichzäite ronn 30 Milliounen Notzer all Mount. Am Joer 2011 hunn d’Grënner de Programm u Microsoft verkaf fir ganzer 8,5 Milliarden US-Dollar. Déi hunn et dunn an hir Windows-Programmer integréiert. Skype huet dëst net gutt iwwerstanen. D’Beléiftheet ass ëmmer wieder erofgaangen  an esou och seng Notzerzuelen. Spéitstens mat der Aféierung vum Kommunikatiouns-Programm Teams am Joer 2017 war den Hype ëm Skype eriwwer.

Dëst huet een och gutt wärend der Pandemie gesinn. Wärend änlech Déngschter wéi Zoom, Whatsapp an Teams däitlech méi genotzt goufen, huet Skype ëmmer méi Notzer verluer. Teams iwwerdeems ass mëttlerweil mat un der Spëtzt wann et ëm Betribsintern Kommunikatioun geet. Dowéinst huet Microsoft entscheet Skype opzeginn.

Skype-Notzer kënne sech mat hirem Login elo bei Teams umelle fir hir Kontakter net e verléieren. Am Mee dann ass et fäerdeg mat ....