
© Pixabay
... 130 Joer gëtt deen éischte Kinosfilm vun der Welt presentéiert. "La Sortie de l'usine Lumière à Lyon", realiséiert vun de Gebridder Lumière, dauert 45 Sekonnen a gëllt ënner Kinoshistoriker als eelste bekannte Film, dee mam Cinématographe produzéiert gouf.
No der Besetzung vun der Schwäiz duerch dat revolutionäert Frankräich gëtt haut virun 226 Joer an der Helvetescher Republik de Frang agefouert. Ënnerdeelt an 10 Batzen zu jee 10 Zantim gëtt de Schwäizer Franc un de franséische Wärungssystem ugepasst. Haut sinn 100 Rappen ee Frang, deen och an der Principautéit Liechtenstein déi offiziell Wärung ass.
1932 ass et zu Sydney déi feierlech Ouverture vun der Harbour Bridge. Déi 1.149 Meter laang Bréck iwwert den Hafe vun der australescher Metropol gëtt vun den Awunner Kleederbigel genannt. Vun de bal 53.000 Tonne Stol, déi verbaut sinn, gi méi wéi 3 Véierel aus Groussbritannien importéiert. Nieft dem Opera House ass d'Harbour Bridge eent vun de Wouerzeeche vu Sydney.
Wéi d'Néierlag ëmmer méi warscheinlech gëtt, erdeelt den Adolf Hitler 1945 de sougenannte Nerobefehl. Verbrannten Äerd an onbrauchbar Infrastrukture sollen déi Däitsch den Alliéierten hannerloossen. Dësen Uerder gëtt awer zum Deel ënnerlaf. Den Ausdrock Nerobefehl spillt op de réimesche Keeser Nero un, deen am Joer 64 de grousse Brand zu Roum bewosst soll leeë gelooss hunn.
Aus de Kolonie Guyane, Guadeloupe, Martinique a Réunion gi 1946 Iwwerséidepartementer, déi integrale Bestanddeel vun der Véierter Franséischer Republik sinn. Sämtlech Awunner vun dësen Insele kréien doduerch offiziell déi franséisch Nationalitéit.
1953 gëtt d'Oscar-Zeremonie gläichzäiteg zu Los Angeles an zu New York ofgehalen. Et sinn déi 25. Annual Academy Awards an déi éischt, déi op der Tëlee gewise ginn. Moderéiert gëtt d'Soirée vum Acteur a Comedian Bob Hope. Déi meeschte Nominatioune mat jeeweils 7 Stéck si fir d'Filmer High Noon a Moulin Rouge. Ënnert de Gewënner vum Owend sinn de Gary Cooper an de Walt Disney.
Haut virun 22 Joer fänkt d'Operation Iraqi Freedom un, wéi déi sougenannte Koalitioun vun de Wëllegen déi irakesch Haaptstad Bagdad ugräift. 3 Woche méi spéit ass dem Saddam Hussein säi Regimm gestierzt, mam Zil eng dauerhaft Demokratie anzeriichten. Bis 2011 wäert d'Land besat bleiwen, a bis haut net zur Rou kommen.