... 434 Joer geet zu Venedeg d'Rialtobréck op. Si ass 48m laang an 22m breet, a war bal 300 Joer laang den eenzege Fousswee iwwert de Canal Grande. Haut gëllt se als grouss Touristenattraktioun.

20/03/2025 Haut virun...

1852 kënnt der amerikanescher Schrëftstellerin Harriet Beecher Stowe hire Roman Uncle Tom's Cabin als Buch eraus. Déi 5000 éischt Exemplairë vun de Geschichten ronderëm d'Sklaverei an den USA si bannent 48 Stonne vergraff. De Roman war ugangs eng wéchentlech Serie an enger Zeitung fir Géigner vun der Sklaverei.

Haut viru 60 Joer gewënnt d'France Gall mam Titel Poupée de cire, poupée de son de Grand Prix Eurovision de la Chanson fir Lëtzebuerg. Aus 10 verschiddene Proposen hat di 17 Joer jonk Sängerin deen Titel ausgewielt, dee vum Serge Gainsbourg geschriwwen gi war. D'France Gall konnt mat hirem Optrëtt zu Neapel 32 Punkte sammelen - 6 méi wéi déi Zweetplacéiert Kathy Kirby aus Groussbritannien.

Dem Hollänner Paul Verhoeven säin Erotikthriller Basic Instinct leeft haut virun 33 Joer an den amerikanesche Kinoen un. De Film suergt fir sëllege Protester a mécht d'Sharon Stone iwwer Nuecht zur weltberüümter Femme fatale. Déi Zeen, an där si hir Been iwwertenee schléit, ass an den amerikanesche Kinoe net ze gesinn.
 

1993 gëtt den Henry Maske fir déi éischte Kéier Boxweltmeeschter am Hallefschwéiergewiicht. Dësen Titel wäert den Gentleman-Boxer an de Joren duerno 10x verdeedegen, a ganz Däitschland an d'Box-Féiwer bréngen. Säi leschte Profikampf wäert de Maske 1996 awer verléieren.

1995 verübe Membere vun der Aum-Sekt en Uschlag mat Gëftgas op de Metro vun Tokio. Dobäi kommen 13 Mënschen ëm d'Liewen, méi wéi 6000 gi blesséiert. Bis haut sinn d'Leit an der japanescher Haaptstad dovun traumatiséiert.

Fir déi éischte Kéier zanter 88 Joer besicht mam Barack Obama 2016 rëm en amerikanesche President Kuba. Et ass de virleefegen Héichpunkt am Normaliséierungsprozess vun hire bilaterale Relatiounen. Wärend 3 Deeg schwätzt den Obama mam Raúl Castro iwwert eng weider Verdéiwung vun de Verhältnisser. Do virdru war de Calvin Coolidge 1928 dee leschten US-President op Kuba gewiescht.

Zu Éiere vun hirem laangjärege President Nursultan Nasarbajew gëtt di kasachesch Haaptstad Astana haut viru 6 Joer a Nur-Sultan ëmbenannt. Säi Successeur Toqajew hat dës Ännerung virgeschloen. 2022 huet dësen awer zougestëmmt, datt seng Iddi dann awer net di beschte war. Zanterhier heescht di zweetgréisste Stad vum Land erëm Astana.