Hien zaubert, jongléiert an improviséiert. Dat sou wuel op der Bün wéi op der Strooss. Ma virun allem lieft hien am Moment an ass begeeschtert vum "elo". Vun allem wat authentesch ass, de Pannen a Feeler mat alle Niewewierkungen. Riets geet vum Jonn Happi, dee ville Kanner mëttlerweil misst e Begrëff sinn. Wann en net grad selwer optrëtt, organiséiert dee faszinéierte Freestyler, wéi hie sech selwer nennt, och Workshoppen a Schnuppercoursen a Form vun Campen. A genee dorëms geet et elo.

14/03/2025 4. Editioun vum Jonn Happi Zirkuscamp

Dëst Joer am Juli wäert et well fir déi 4. Kéier sinn, dass Kanner tëscht 6 an 12 Joer um Summer-Camp an der Fuussekaul nei Tricker kënne léieren. Marc Strasser alias Jonn Happi:
"Et si verschidde Formullen, fir déi kleng Kanner, fir déi e bëssi méi grouss Kanner a verschidden Deeg an Auerzäiten."

Dat sinn eng Kéier Schnupper Campe vun 2 oder 3 Deeg fir d'Kanner vu 6 bis 8 Joer an awer och en Zirkus-Camp vu 5 Deeg fir déi jonk tëscht 9 an 12 Joer.
"Déi ganz kleng, déi Schnupper-Campen dat sinn ëmmer jeeweils 2 Stonnen iwwert 2 respektiv 3 Deeg. An dann huet een awer den Zirkus-Camp fir déi méi grouss, dat ass vun 10 bis 16 Auer. Dat si 6 Stonne mat enger oder e puer klenge Pausen tëschenduerch. An do ass et net mat schlofen awer wat och scho virkomm ass, ass, dass Elteren e Chalet an der Fuussekaul gelount hunn oder d'Zelt oder de Camper matbruecht hunn an dann eben do eng kleng, gemittlech Vakanz zu Lëtzebuerg gemaach hunn."

An dat ka jee no Camp mol Moies oder Nomëttes sinn. Et ginn dann och direkt e puer Grënn firwat sou Campen net nëmme ganz vill Freed maachen, mee och nach pedagogesch wäertvoll sinn:
"Also mol zesumme sinn am Grupp, dat ass mol ganz flott well dat e bëssi méi kleng Kanner sinn, dass déi zesummen am Grupp e bëssi Spaass hunn. Da spille mer a léieren awer och e bëssi wéi een d'Foularden an d'Bäll richteg an d'Luucht schéisst an opfänkt. Mir léieren awer och wéi et net klappt, dass een net do soll direkt d'Bäll an den Eck geheie mee dass ee soll üben, üben, üben."

D'Plaze ginn ëmmer séier fort, dofir heescht et fréi u si fir sech unzemellen.
"Aschreiwe kann ee sech op enger vu mengen Homepagen, dat ass jonnhappi.lu oder maachkeenzirkus.lu."