Wann Dir Butzen doheem hutt déi frou mat Sport sinn a sech gären e bëssi auspoweren, da wier de Kannerlaf dëse Weekend zu Käerch eventuell genee dat richtegt.

17/03/2025 Kannerlaf zu Käerch

A méi genee dëse Samschdeg am Nomëtteg. Organiséiert vun der Sportskommissioun vun der Gemeng Käerch, kënnen hei Kanner tëscht 4 an 13 Joer weise wat se drop hunn. 2 Distanzen ginn hei ugebueden, Gilles Braconnier:

"Et gëtt ee Parcours ugebuede vun 1,5 km an ee Parcours vun 3,5 km."

Lass geet et um 17 Auer zu Käerch, also kuerz virun der Kavalkad.

"Wat flott ass fir d'Kanner, si kënnen iwwert de Parcours lafe wou Owes d'Nuetskavalkad driwwer fiert. Mir géingen eis wënschen, dass all déi Kanner déi matlafen, verkleet wieren."

Donieft wäert och keen deen ukënnt, mat eidelen Hänn heem goen.

"All Kand wäert, wann et duerch d'Zil leeft, eng Iwwerraschungstut kréie vun eis."

Umelle kann ee sech iwwert zwee Weeër:

"Op www.nuetskavalkad.lu, mee fir all déi Leit déi um leschte Stëppel heihinner kommen, kënne sech och nach den Dag selwer am Zelt umellen."

Wann de Kannerlaf da bis fäerdeg ass, da fänkt d'Kavalkad un, sou hunn déi Kleng souwuel wéi déi Grouss direkt zweemol Spaass. Weider Informatiounen iwwert de Kannerlaf zu Käerch gëtt et, wéi gesot, op

.