... 62 Joer verloossen di lescht Prisonéier den Héichsécherheetsprisong op der Insel Alcatraz. Den amerikanesche Justizminister Robert F. Kennedy hat d'Schléissung decidéiert, nodeems déi lafend Käschte fir Betrib an Ënnerhalt ze grouss gi waren.

21/03/2025 Haut virun...

1804 gëtt a Frankräich de Code civil agefouert. Eise Noperen hiert Zivilrecht ass a senge Grondzich haut nach gülteg. Dëse sougenannte Code Napoléon gëtt 3 Joer méi spéit nach erweidert ëm d'procédure civile an de Code de commerce. De Napoleon huet dës Sammlung u Gesetzer als säi perséinlecht Wierk gesinn, a wollt se eigentlech Code civil des Français nennen.

Den däitschen Architekt Walter Gropius grënnt 1919 zu Weimar seng Konschtschoul fir Gestaltung, dat Staatlecht Bauhaus. Eng deemools ganz nei Zesummeféierung vu Konscht an Handwierk. De Bauhaus-Stil definéiert haut nach Architektur, Konscht an Design a präägt dat wesentlecht Bild vu moderne Stréimungen.

Haut viru 90 Joer ännert de Reza Schah Pahlavi per Dekret de Numm vu sengem Land. Och an Europa an an Amerika soll Persien zukünfteg Iran genannt ginn - sou wéi d'Awunner hiert Land selwer zanter Éiwegkeete bezeechnen. Am Kader vu weidere Moderniséierunge verbitt de Schah mol kee Joer méi spéit de Schleier fir Fraen.

Bei enger Manifestatioun géint d'Apartheid kënnt et 1960 a Südafrika zum Massaker vu Sharpeville, bei deem 69 Mënsche vun der Police er­schoss ginn. Eng 6.000 Leit hate virun engem ënnerbesate Policebüro protestéiert. An der Suite kënnt et zu landeswäite Streiken an Onrouen, sou dass den Ausnamezoustand ausgeruff muss ginn.

Wéinst dem sowjeteschen Amarsch an Afghanistan annoncéiert den US-President Jimmy Carter 1980 de Boykott vun den Olympesche Summerspiller zu Moskau. Vun hiren Alliéierte fuerdert hien dat selwecht. 42 Länner schléisse sech deem Protest un, weider 24 Natioune verzichten aus sportlechen oder finanzielle Grënn op eng Participatioun. 4 Joer méi spéit wäert d'UdSSR net un de Spiller zu L.A. deelhuelen.

De Schwäizer Bertrand Piccard an den Englänner Brian Jones komplettéiere 1999, am drëtte Versuch, hiren Tour ëm d'Welt an engem Waarmloftballon ouni Tëschelandung. An der Schwäiz gestart, landen si knapp 20 Deeg an 45.755km méi spéit an Ägypten. Souwuel wat d'Dauer wéi och d'Distanz ugeet, ass et dee längste Vol an der Geschicht vun der Loftfaart.

2006 gëtt Twitter gegrënnt. Den éischten Tweet gëtt vum Matgrënner Jack Dorsey geschéckt. Ursprénglech war Twitter eng SMS-baséiert Plattform, dofir duerft e Message aus héchstens 140 Zeeche bestoen. De Villchen am Logo housch iwwregens Larry. Benannt nom Basketspiller Larry Bird. Entretemps ass aus Twitter X ginn.