Gëschter Owend war den Optakt vum Zeltik zu Diddeleng an der Kierch Saint Martin. Haut den Owend geet et am Kulturzentrum opderschmelz weider, mat ënnert anerem Afro Celt Sound System. E Sonnden, um véierten Dag vum Zeltik, steet da vun 19:00 Auer un dee groussen Ofschloss mam Brian Brody an The Coronas um Programm. Chris Reuter

14/03/2025 Zeltik 2025 @ opderschmelz (Dag 4)

Brian Brody

A senger Heemechtsstad Dublin ass de Brian Brody ee vun deene beléiftsten Entertainer iwwerhaapt. Awer och iwwert déi iresch Grenzen eraus huet de Museker sech eng Karriär opgebaut. Hien huet ausverkaaften Tournéeën duerch Europa, Groussbritannien a queesch duerch d'USA gespillt. Zum Brian Brody senge speziellsten Optrëtter zielen awer sécherlech d'Shows déi hien op der amerikanescher Militärbasis zu Doha fir d'Zaldote gespillt huet, déi am Mëttleren Oste stationéiert waren. Dem Museker säi Repertoire geet vun traditionellen iresche Lidder bis hinn zu Rock-Klassiker.

The Coronas

The Coronas sinn definitiv dee gréissten Numm vun dëser Zeltik-Editioun. Scho säit dem College maachen den Danny, de Graham an de Conor zesumme Musek. Ufanks huet hir Band Kiros geheescht, duerno hu si sech, inspiréiert vun enger Mark vu Schreifmaschinnen, a "Corona" ëmbenannt. Wéi déi italienesch Eurodance-Band Corona populär ginn ass, ass doraus schlussendlech "The Coronas" ginn. Déi éischte Kéier esou richteg op sech opmierksam gemaach, hunn The Coronas mat hirem zweeten Album "Tony Was an Ex-Con". Mat deem hu si 2010 beim renoméierten iresche Musekspräis Meteor en Award fir dee beschten ireschen Album gewonnen. Dat virun "Up To Now" vu Snow Patrol, mat "Chasing Cars" an "Just Say Yes", an och virun "No Line on the Horizon" vu U2.

Duerno koume Support-Shows fir The Script, Paul McCartney oder Justin Timberlake. Mëttlerweil hunn The Coronas aacht Studio-Albumen erausbruecht a spillen hir eegen Headline-Tournéeën. Déi lescht véier Wierker hunn et op d'Plaz 1 an den ireschen Charts gepackt. Deen aktuellen Album heescht "Thoughts & Observations" - ee wonnerbar emotionalen a melancholeschen, awer gläichzäiteg verdreemten an hoffnungsvollen Album iwwer vergaange Bezéiungen, Verzeiung an nei Léift.