Gëschter Owend war den Optakt vum Zeltik zu Diddeleng an der Kierch Saint Martin. Haut den Owend geet et am Kulturzentrum opderschmelz weider, mat ënnert anerem Afro Celt Sound System. Muer um drëtten Dag vum Zeltik gëtt et dann alles vun traditionellem iresche Folk, iwwer World Music bis hinn zu de legendäre Red Hot Chilli Pipers!

14/03/2025 Zeltik 2025 @ opderschmelz (Dag 3)

Fir den Optakt vum drëtte Festival-Dag gëtt et traditionell keltesch Musek mat CARA. Engersäits presentéieren si hir innovativ Arrangementer vu Klassiker, awer CARA spillen och hir original Kompositiounen. No CARA stinn dann nach eng Kéier déi dräi Schwëstere vun The Henry Girls op der Bün.

NoCrows feat. Steve Wickham

NoCrows ass en dynamesche klengen Orchester, dee sech an där diverser Musekszeen vun der irescher Stad Sligo fonnt huet. D'Museker hu sech wärend enger Jam-Session am berüümte lokale Pub "Shoot the Crows" kennegeléier - dohier och den Numm. Aus hire ville verschiddenen Influencen aus traditioneller irescher Musek, Jazz a klassescher Musek, ass am Laf vun de Joer en eklektesche Mix entstanen, deen ee vläicht am beschten als World Music klasséiere kéint. Mat NoCrows wäert de Waterboy Steve Wickham op der Bün stoen.

Wolff

Däischter, rau an ouni Angscht - esou kéint een dem iresche Museker WOLFF seng Musek am Beschte beschreiwen. Mat donnerenden Drums, wëlle Gittaren a senger krazeger Stëmm kombinéiert hien d'Power vun traditionellem Blues mat trashy Garage-Rock-Riffs. De WOLFF verschafft a senger Musek säi gebrachent Häerz, Verloscht a Roserei. Aus deenen däischterste Momenter a sengem Liewe mécht hien Hymnen déi matrappen an no vir ginn.

Red Hot Chilli Pipers

Als Headliner vum drëtten Zeltik-Dag kommen d'Red Hot Chilli Pipers op Diddeleng. Mat hirem esougenannte "Bagrock", där eenzegaarteger Kombinatioun aus traditioneller schottescher Musek an Hymnen aus der Pop- a Rock-Welt, huet d'Band sech eng grouss weltwäit Popularitéit erspillt. Ënnert anerem hunn d'Red Hot Chilli Pipers och schonn op den Olympesche Spiller, op de Commonwealth Games zu Glasgow oder am Kader vu Formel 1-Coursen gespillt. Zu hire gréissten Erfolleger zielen d'Cover-Versioune vu "We Will Rock You" vu Queen, "Clocks" vu Coldplay oder "Wake Me Up" vum Avicii.