Dee wuel bekanntsten iresche Feierdag ass de St. Patrick's Day, dacks och léif St. Paddy's genannt. All Joer gëtt de 17te Mäerz vun den Iren an der ganzer Welt gefeiert an esou munch Net-Iren ginn haut "Irish for a day"...

Och am Blackstuff, dem traditionellen iresche Pub op der Polvermille gëtt schonn zanter Mëtteg fläisseg Guinness gezaapt.

Wat op enger St. Patricksfeier natierlech net feelen duerf ass gutt Stëmmung a Musek. De Line Up fir den Owend steet, mat Blue-ish, Luxifer, an dem Chester Waybourne:

17/03/2025 Blackstuff St. Patrick's Day 1

Mat derbäi och den Dj Andrew Martin an de Fred Barreto:

17/03/2025 Blackstuff St. Patrick's Day 1

St. Patrick's haut am Blackstuff - Wie vum Danzen hongereg gëtt, deen dierft sech da beim Fish & Chips Foodtruck e gudde Fësch schmaache loossen.