De leschte WE huet mam grousse Präis vun Australien déi nei Formel 1 Saison ugefaangen. An de Wanterméint gouf fläisseg un den Autoe geschafft, verschidde Piloten hu gewiesselt an hunn elo en neie Rennstall an eis Ekipp mam Serge Pauly, Franky Hippert, Tom Hoffmann an hirem Expert Dominique Riefstahl huet och an dëser Saison alles voll am Bléck, mat all den Trainingen, dem Qualifying an natierlech der Course sonndes. Och den däitschen RTL geet nees un den Depart, awer just fir 7 Courssen iwwer dat ganz Joer, an do leeën si dëse WE lass mam grousse Präis vu China, Kai Ebel.

Kai Ebel - Formel 1 - China

De Kai Ebel versicht nees virum Depart an duerno all méiglech wichteg Interviewe mat Piloten, Renningenieuren a soss wichtege Leit aus der Formel 1 ze maachen. Dat mécht hien zanter 1992, an huet sou 500 Courssen um Bockel. Den alen Hues versprécht sech an eis, dass et dëse WE alles aneschter wéi langweileg gëtt.

Kai Ebel - Spannung

Nieft China dëse WE kann een sech beim däitschen RTL op Imola, Barcelona, Montreal, Spa-Francorchamps, Zandvoort a Las Vegas freeën. D'Lizenz fir Däitschland leie fir déi aner Coursse bei engem Pay-TV-Sender. RTL zu Lëtzebuerg weist - als offiziellen Host - de ganze Formel 1 Kalenner, bis de 5. Dezember zu Abu Dhabi definitiv feststeet, wien neien oder neien ale Weltmeeschter ass.