... 90 Joer gëtt zu Berlin den éischte regulären Tëleesprogramm vun der Welt ausgestraalt. 3x d'Woch lafen owes tëscht 20h30 an 22h00 Filmer, Cartoons a Noriichten. Well nach bal keen eng Tëlee huet, gëtt de Programm och an ëffentleche Stuffe gewisen.

22/03/2025 Haut virun...

Zu Kairo gëtt 1945 déi Arabesch Liga gegrënnt. Aus den ugangs 7 Memberstaate sinn der entretemps 22 ginn. An dësem Gremium ginn aussepolitesch Zesummenaarbecht a friddlech Léisungen ënnerteneen diskutéiert. Och de net unerkannte Staat Palestina ass duerch d'PLO vertrueden.

1963 kënnt a Groussbritannien den éischten Album vun de Beatles eraus. Please Please Me ass 6 Woche virdrun bannent engem Dag opgeholl ginn a gëtt de Fab Four hir éischte Nummer 1 an den Charts. An den USA an an Däitschland kënnt d'LP réischt e knappt Joer méi spéit eraus, jeeweils ënnert engem aneren Titel.

2006 annoncéiert di baskesch Separatistenorganisatioun ETA e Waffestëllstand, fir den demokratesche Prozess am Land virun ze dreiwen. 1959 als Widderstandsbeweegung géint d'Diktatur vum Franco gegrënnt, hält déi Wafferou awer just 9 Méint, éiert d'ETA um Flughafe vu Madrid eng Bomm zünt, fir hire Kamp erëm opzehuelen.

Haut viru 9 Joer kënnt et zu den Terrorattacke vu Bréissel. 3 Attentäter sprenge sech um Flughafen an an enger Metrosstatioun an d'Luucht, a rappen 32 Leit mat an den Doud. Méi wéi 300 Persoune gi bei dësen Uschléi blesséiert.

Genee e Joer méi spéit, haut virun 8 Joer ass et een Terrorattentat zu London, wéi een Aggresseur op der Bréck vu Westminster an e Grupp Passante fiert. 5 Leit stierwen, ronn 40 ginn zum Deel schwéier blesséiert. Den Terrorist erstécht duerno e Polizist, éiert en neutraliséiert ka ginn. Di lafend Parlamentssëtzung gëtt aus Sécherheetsgrënn ënnerbrach.

Och 2017 annoncéiert d'Weltorganisatioun vun der Meteorologie, datt si 12 nei Typpe vu Wolleken an hire Wolleken-Atlas ophuelen. Et ass den éischten Update zanter méi wéi 30 Joer. Aufgab vun deem Atlas, deen et säit 1896 gëtt, ass et, e koherente Vocabulaire ze definéiere fir Wolleken ze beschreiwen, a fir Meteorologen ze forméieren.

RTL

© Pixabay

69. Gebuertsdag fir d'Groussherzogin Maria Teresa.

RTL

© rtl.lu

An zanter 1993 ass um 22. Mäerz de Weltwaasserdag.

RTL

© Pixabay