
© Pixabay
... 186 Joer gëtt an enger amerikanescher Zeitung den Ausdrock O.K. fir déi éischte Kéier dokumentéiert. Et bedeit "Oll Korrekt" an ass eng bewosst Falschschreiwung vun der Ofkierzung "all correct". Entretemps ass et dee bekanntsten Ausdrock vun der Welt.
1848 kënnt dat éischt Luxemburger Wort eraus. Mam Ënnertitel "für Wahrheit und Recht" ass et déi eelste Lëtzebuerger Dageszeitung, a bis haut och déi mat der héchster Oplo. Bis 2021 gëtt d'Wort vum Saint-Paul Verlag erausginn, zanterhier vum Mediahuis Luxembourg.

© Tom Nols
1857 presentéiert den Elisha Graves Otis zu New York den éischte Lift, dee net ofstierze kann. De System gëtt mat Damp bedriwwen a packt bannent manner wéi enger Minutt 5 Etagen. No der dramatescher Virféierung klëmmt d'Vertrauen an d'Technik vun de Lifter an d'Firma Otis gëtt steeräich. Et gëtt se haut nach.
1867 kënnt et zur Lëtzebuergkris. Den hollännesche Kinnek Wëllem III ass d'accord fir eise Grand-Duché u Frankräich ze verkafen. Dofir brauch et awer d'Zoustëmmung vum preisesche Ministerpresident Otto von Bismarck. Well dee sech net mellt, kënnt et net zum Verkaf. Dofir awer 6 Woche méi spéit zum Vertrag vu London, an deem d'Groussmuechten d'Neutralitéit vun eisem Land beschléissen.
1983 presentéiert den US-President Ronald Reagan eng nei Initiativ zur Ofwier vun Interkontinentalrakéiten. Den SDI System soll am Weltall e Schutzschëld aus Lasere garantéieren. Am Volleksmond Star Wars genannt, gëtt de Projet awer net realiséiert. Nom Kale Krich gëtt awer, bis haut, weider un deem Programm geschafft.
Titanic ass 1998 de grousse Gewënner bei der Oscar-Zeremonie. Dem James Cameron säi Film ass 14x nominéiert a gewënnt 11 Präisser, dorënner dee fir de beschte Film. Zesumme mat Ben Hur a Lord of the Rings ass Titanic bis haut den erfollegräichste Film bei den Oscaren.
No méi wéi 15 Joer am Weltall a gutt 86.000 Tier ronderëm d'Äerd gëtt di russesch Raumstatioun Mir 2001 kontrolléiert ofstierze gelooss. Am südleche Pazifik ginn hir Iwwerreschter um sougenannte Weltraum-Kierfecht néier. Bis dohi war si de gréisste kënschtlechen Objet am Weltraum. De modulären Opbau vun der Mir gëtt duerno bei der Internationaler Raumstatioun ISS iwwerholl.