... 117 Joer krit dem Prinz Heinrich von Preußen, Brudder vum Keeser Wilhelm II., e Patent op seng Erfindung vum manuelle Wischer fir d'Glace vum Auto. Se gëtt awer e Flopp.

24/03/2025 Haut virun...

1933 trëtt d'"Gesetz zur Behebung der Not von Volk und Reich" a Kraaft. Mat deem sougenannten Ermächtigungsgesetz kënne vun der Regierung beschlosse Gesetzer vun der Verfassung ofwäichen. Am Kader vun hirer Machtergreifung hunn d'Nazien des domat de facto ausser Kraaft gesat.

1944 geléngt et 76 alliéierte Krichsgefaangenen, duerch een Tunnel aus engem Prisongscamp am haitege Polen auszebriechen. Nëmmen 3 Männer kënne net erëm agefaange ginn. Des Flucht gëtt 20 Joer méi spéit ënnert dem Titel The Great Escape verfilmt.

No engem 3 Deeg laangem Marsch erreecht de Martin Luther King haut viru 60 Joer mat senger Beweegung fir Biergerrechter säin Zil zu Montgomery. Vum Militär geschützt, wëlle si an der Haaptstad vum Alabama erreechen, dass Afroamerikaner wielen dierfen. Owes ass de Stars for Freedom Concert mat Kënschtler wéi Sammy Davis jr., Tony Bennett an Harry Belafonte.

1973 ass Eintracht Braunschweig den éischte Veräin an der däitscher Futtball-Bundesliga, dee mat engem Sponsor um Trikot opleeft. D'Federatioun stéiert sech awer un der Jägermeister-Reklamm, verbitt se, sou datt de Firmelogo kuerzerhand an de Wope vum Veräin integréiert gëtt.

1999 fänkt de Kosovokrich u mat NATO Loftattacke géint jugoslawesch Militärziler. Ulooss fir d'Operation Allied Force ass de Refus vun der Regierung Milosevic, de Friddensvertrag vum Rambouillet z'ënnerschreiwen. Vëlkerrechtlech ëmstridde fléien haaptsächlech amerikanesch Maschinnen d'Ugrëffer, bis den 10. Juni eng Eenegung ausgehandelt ass.

Och 1999 geréit am Mont-Blanc-Tunnel e belsche Camion a Brand. D'Feier breet sech séier aus a féiert zu enger Katastroph, déi 39 Mënschen d'Liewe kascht. Brandursaach ass warscheinlech eng wechgeworfen Zigarett. Den Tunnel wäert réischt 3 Joer méi spéit erëm fir de Verkéier opgoen.

2015 fält an de franséischen Alpen e Fliger erof vun der däitscher Airline German Wings. Allen 150 Persounen u Bord kommen ëm d'Liewen. Et stellt sech eraus, datt de Kopilot sech am Cockpit agespaart an den Accident bewosst erbäigefouert hat.

95 Joer al gi wier haut den amerikaneschen Acteur mat den äisbloen Aen Steve McQueen.

60. Gebuertsdag fir den Texaner Mark Callaway. Als Undertaker ass hien e weltwäite Star an der Welt vum Wrestling.