
© Europapark / MANDOGA MEDIA / Mandoga Media / dpa Picture-Alliance via AFP
Den 12. Juli feiert den Europa-Park säi 50. Gebuertsdag. Elo gouf op enger Pressekonferenz annoncéiert, wéi dee Jubiläum dës Saison gefeiert gëtt.
Besonnesch kënne mir eis op en neit Spill fir déi ganz Famill am lëtzebuergeschen Themeberäich freeën! Den interaktive "GRAND PRIX EDventure" ass déi éischt eegen Attraktioun vun de Maskottercher Ed an Edda. Wann ee bis an enger vun deenen 18 dynamesche Gondele sëtzt, gëtt ee matgeholl op eng Rees queesch duerch déi schéinste Plazen an Europa. Wärend der Faart, déi sechs Minutten dauert, muss een op verschidden Ziler schéissen. Dobäi geet et awer net onbedéngt ëm Punkten - all Treffer späichert Energie, déi ee méi schnell an d'Zil bréngt. Am 3D-Darkride gëtt een also quasi Deel vun der Racing Crew vum Ed an Edda. Passend zu där neier Attraktioun kënnt Enn Juni och deen neien Animatiounsfilm "ED & EDDA - GRAND PRIX OF EUROPE" an d'Kinoen. Den däitschen Oscar-Gewënner Volker Bertelmann huet d'Filmmusek komponéiert.
Den Europa-Park-Besëtzer Roland Mack huet ausserdeem ugekënnegt, dass déi spuenesch Arena elo iwwerdaacht ass an onofhängeg vum Wieder ka bespillt ginn. Och déi immens beléifte Parad gouf fir déi nei Saison komplett iwwerschafft: "Wir haben die Parade komplett neu gestaltet und mit neuen beeindruckenden Fahrzeugen bestückt. Das Ganze wird kombiniert mit Tänzern, farbenfrohen Kostümen und einer eigens geschriebenen Musik von DJ Bobo. Also gibt es auch hier eine absolute Attraktivitätssteigerung was die Präsentation mitten im Park angeht."
Op der Pressekonferenz huet de Mack dunn ënnert anerem nach eng interaktiv Ausstellung iwwert d'Geschicht an d'Meilesteen vum Europa-Park annoncéiert. Déi ass am Agangsberäich vum "Silver Star". Do kritt een dann och schonn éischt Andréck vum neien Themeberäich "Monaco" deen allerdéngs eréischt 2026 opgeet. Mat där neier Saison klammen och d'Präisser vun den Ticketen ëm ongeféier fënnef Prozent. Dat heescht, dass ee Standardticket elo op mindestens 64,50€ kascht.
Viru 50 Joer huet den Europa-Park mat 15 Mataarbechter an 13 Attraktiounen op 16 Hektar ugefaangen. Mat "Rulantica" inclus, sinn et haut 130 Hektar, mat iwwer 5.000 Mataarbechter an iwwer 6 Millioune Visiteuren am Joer. Den Europa-Park kurbelt och d'Wirtschaft an där ganzer Regioun un. Enger Etüd vun der Universitéit St. Gallen no, suergt de Fräizäitpark fir iwwer 2,5 Milliounen Iwwernuechtungen ausserhalb vu sengen eegenen Hoteller - och am Elsass. Bei de renomméierte Golden Ticket Awards ass den Europa-Park fir déi néngte Kéier hannerteneen als beschte Fräizäitpark vun der Welt ausgezeechent ginn.