Dëse Weekend wäert een iwwerall alles am Grénge gesinn. De Méindeg ass nämlech St. Patricks Day an och hei zu Lëtzebuerg gëtt dat irescht Fest mat vill Guiness a gudder Musek schonn dëse Weekend grouss gefeiert. Eng Place to be ass do natierlech den Irish Pub Éirelux um Howald. D'Céline Spithoven war bis laanscht kucken.

St. Patricksday Eirelux

Den Pub vum Vincent Clarke ass schonn gutt dekoréiert. Iwwerall hänke Kléidblieder, Iresch Fändelen an alles liicht an engem saftege Gréngtoun. Hei ass ee scho prëtt fir de fir d’Iren wichtegste Dag respektiv Weekend vum Joer. An och de Programm steet.

"This year we have a fantastic Band from Ireland, called Altegore, a tree piece, I play with them on stage as well. I think people come to enjoy themselves and to listen to real music. And that's, I think, the key point, you know what I mean, like we have seven food, we'll say, Friday night the restaurant is open, even though it's packed here."

Net feelen dierfen natierlech iresch Traditiounen:  

"Well, I think that we all dress up as Leprechauns and go around with funny stuff on our hair and whatever. And of course, then we do the Leprechaunz shots and we have our green beer all the way from Ireland."

Iessen, Musek vun der Band Algatore an natierlech Guiness a grénge Béier ginn et och um Samschdeg an e Sonndeg. Lass geet et ëmmer um 3 Auer Mëttes an dat bis 3 Auer an d’Nuecht eran. Den Entrée ass fräi.

 "Everybody has a good time, that's the most important."