
© Pixabay
... 129 Joer ass d'Ouvertureszeremonie vun den éischten Olympesche Spiller vun der Neizäit. 241 Athleten aus 14 Länner trieden zu Athen a 9 verschiddenen Disziplinnen un. Frae si net zougelooss, an dierfe just nokucken.
5 Goldmedailen huet den Johnny Weissmüller gewonnen. Nom Succès am Schwammbaseng fänkt haut virun 93 Joer seng Karriär zu Hollywood un, wéi den éischten Tarzan-Film zu New York seng Premiere feiert. De Weissmüller sollt duerno nach 11 weidere Kéieren den Afemënsch aus dem Dschungel ze spillen. Vun him ass och de berüümten Tarzan-Kreesch. Dobäi gëtt den Toun, dee se am Studio opgeholl haten, hannerzeg ofgespillt.
Ee vun de beschte Magasinne fir Photojournalismus ass Paris Match. Haut viru 76 Joer kënnt den éischte Numero eraus, um Titelbild ass de Winston Churchill. Ënnert der Devis "Le poids des mots, le choc des photos" ass et eng Aart franséisch Versioun vum amerikanesche Life Magazine. Mat 81 Kéieren ass den Johnny Hallyday am dacksten op der 1. Säit ze gesinn.
Zu Roum gëtt 1957 de Kontrakt zur Grënnung vun der Europäescher Wirtschaftsgemeinschaft EWG ënnerschriwwen. Gläichzäiteg halen Däitschland, Belsch, Frankräich, Italien, Holland a Lëtzebuerg mat Euratom och di europäesch Zesummenaarbecht an der Atomenergie fest. Zesumme mat der EGKS fir Kuel a Stol stelle se déi 3 Europäesch Gemeinschaften duer.
1961 flitt Sputnik 10 an de Weltall. Et ass dee leschten onbemannten Test virum Juri Gagarin sengem historesche Vol. U Bord ass nieft engem Kosmonauten-Dummy och nach den Hond Swjosdotschka (Stärchen). No engem Tour ronderëm d'Äerd lant d'Kapsel rëm a Russland, an den Hond huet iwwerlieft.
Haut virun 218 Joer ginn déi éischt Passagéier mat engem Zuch transportéiert. Zu Swansea a Wales solle Päerd eigentlech de Kalleksteen aus engem Steebroch erausféieren. D'Leit aus der Géigend bezuelen awer Geld fir och kënne matgeholl ze ginn. Aus de Päerd gëtt séier eng Damplokomotiv, déi vun enger elektrescher Stroossebunn wäert ersat ginn, éiert des 1960 vu Busser remplacéiert wäerte ginn.
Queen of Soul gëtt se genannt - 1942 kënnt d'Aretha Franklin op d'Welt. De Rolling Stone Magazine wielt d'Sängerin 2x zur beschte Stëmm vun allen Zäiten. Ronn 75 Millioune Placken huet d'Aretha Franklin an hirer Karriär verkaaft, a si konnt 18 Grammye gewannen.