Op en éischte Bléck huet de Gaardefrënd mam Maulef wéineg gemeinsam, ausser dass se Allenzwee gären am Buedem wullen a gruewen. Ma ville Leit si Maulefskéip awer en Dar am A. Dobäi sollt een sech eigentlech freeën, wann esou en Déierchen engem de Buedem ëmgrueft.

07/04/2025 De Maules - méi nëtzlech wéi Schiedlech

Wie schonn emol probéiert huet, fir e Maulef lass ze ginn, dee weess, dass dat net esou einfach ass. An dat ass och gutt esou, well d'Déier net gefaangen a scho guer net dout gemaach duerf ginn, wéi d'Lieke Mevis aus dem Haus vun der Natur eis erkläert huet.

Et dierf een en net dout maachen, en ass geschützt a se ginn effektiv, wéi leider deen Igel och, ëmmer méi rar, dat heescht et ass duerchaus wierklech e schützenswäert Déier, wichteg fir den Ekosystem, se lockeren de Buedem op, si gutt fir de Gaart, well se friesse Schädlingen a mer kréie se net esou oft ze gesinn ab et sinn eigentlech immens schéin Déieren.

Anescht wéi d'Wullmaus, mécht de Maulef sech och net un d'Planzen, ma e frësst Schleeken, Insekten, Larven, Reewierm a kleng Wierbeldéieren. An dat a grousse Quantitéiten. Bis zu 100% vu sengem Kierpergewiicht kann en am Dag zou sech huele, wann en sech all 4 Stonnen duerch seng Gäng wullt.

Also e frësst wierklech ganz vill Insekten a wierklech vill Schleeken. Wien sech nach un d'lescht Joer erënnert, do hate mer immens vill Schleeken. Wann een do e Maulef am Gaart hat, hat ee Chance. De Maulef ass och en Eenzelgänger, et huet een ni eng Maulefsfamill an et ass och net esou dass, wann een ee Maulef huet an et mécht een näischt, dass een der dann op eemol honnert huet. Déi reegelen dat selwer an toleréiere keng aner Maulefen an der Ëmgéigend. Wann, dann huet een ëmmer nëmmen een.  

Bis ewell ass just eng Verdreiwung duerch Kaméidi oder duerch Geréch erlaabt, ass awer eigentlech onnéideg.

Wat ech esou vun Anekdoten héieren hunn, vu Leit, déi wierklech alles probéiert haten, fir dem Maulef lasszeginn, déi hunn dunn herno festgestallt, dat wat nach am am Beschte fonctionéiert huet war, wann d'Kanner am Summer am Gaart mam Fussball gespillt hunn, dann huet dat den Maulef esou därmoosse genervt, dass dee geréckelt ass, bezéiungsweis wann ee säin Hond am Gaart lafen huet, dat stéiert se oft méi wéi déi Saachen, déi ee sou keeft oder déi ee bewosst mécht, fir e lasszeginn, well et schlussendlech awer wëll Déiere sinn an déi meescht wëll Déiere sinn net esou frou mat eis, déi hale sech vun eis ewech.

De Maulef toleréiert wéi gesot keng Aartgenosse ronderëm sech. Dofir ass e Gaart mat Maulef, theoretesch och Wullmaus-fräi. Prinzipiell kann een sech also iwwert esou en Déierche freeën, well seng Presenz och confirméiert dass de Buedem gesond ass.

RTL

© pixabay