
© Marcel Mochet / AFP
... 30 Joer trëtt d'Schengener Ofkommes fir 7 EU-Memberstaaten a Kraaft. Dës Länner, dorënner Lëtzebuerg, verzichten an Zukunft op eng Kontroll vum Wueren- a Persouneverkéier op hire gemeinsame Grenzen.
Op Virschlag vun der Académie des Sciences beschléisst 1791 déi franséisch Assemblée Constituante, datt de Meter als universell Längtemooss agefouert gëtt. Dësen Ur-Meter ass den 10.000.000sten Deel vun engem Véierel vum Äerdmeridian.
1851 féiert de Wëssenschaftler Léon Foucault en drëtte Versuch duerch mat deem no him benannte Pendel. Am Paräisser Panthéon kann hien, ouni astronomesch Observatiounen um Himmel, just mat Hëllef vun engem 67 Meter laange Seel d'Rotatioun vun der Äerd noweisen.
1927 gëtt zu Brescia déi éischt Mille Miglia gestart. Eng Autoscourse iwwer ëffentlech Stroossen, déi iwwer 1000 Meilen duerch de Norde vun Italien féiert. Dëse Klassiker, änlech enger Carrera Panamericana oder Targo Florio, gëtt 30 Joer méi spéit, no schwéieren Accidenter, ofgeschaaft. Entretemps ass d'Mille zum groussen Oldtimer-Event ginn.
1970 treffe sech zu Berlin d'Ambassadeure vun de 4 Besatzungsmuechten, fir iwwert e Berlin-Ofkommes ze debattéieren, dat den zukünftege Status vun der Stad kläre soll. Zu den Haaptpunkten zielen d'Sécherung fir de Westdeel an Erliichterunge fir seng Awunner. Sou soll de Prozess vun der Entspanung tëscht Ost a West net gestéiert ginn.
Zu San Diego a Kalifornien entdeckt d'Police 1997 d'Läiche vu 39 Persounen, déi Member waren an der Heaven's Gate Sekt. Si hu sech zesummen ëmbruecht well si gegleeft hunn, dass hir Séil vun engem UFO géing matgeholl ginn, dat sech am Schwäif vum Hale-Bopp-Koméit verstoppe géing, deen dee Moment um Himmel ze gesi war.
2009 gëtt de Freedom Tower zu New York ëmbenannt a One World Trade Center. Dat héchste Gebai an den USA géif sech esou besser verloune loossen. Kritiker bemängelen, dass dat fir si nach ëmmer d'Adress vum ale Nordtuerm wier, an dass nom 9/11 de neie Building fir si weider de Freedom Tower géing bleiwen.
Haut virun engem Joer fält zu Baltimore eng 2770m laang Bréck an e Koup. E Containerschëff, dat technesch Problemer huet, rennt nuets an ee vun den Haaptpilieren. Gefierer fale keng an de Patapsco River, dofir awer 7 Aarbechter déi un der Bréck schaffen. Just ee vun hinnen iwwerlieft.