
© Patrick Greis
Den éischten Mäerz huet fir d'Meteorologen d'Fréijoer ugefaangen. Op Buergsonndeg gouf symbolesch de Wanter verbrannt, a bis iwwermuer Donneschdeg, musse mer nach waarden, dass um 10h01 d'Fréijoer sech offiziell bei eis breet mécht. D'Wieder hält sech meeschtens u keen Kalenner an och d'Gäertner kënnen et knapps erwaarden d'Gaardegeschier aus dem Schapp ze huelen a lasszeleeën. De Jeannot Lacour, alias 'de Grénge Jeannot' erwächt domadder och pünktlech aus dem Wanterschlof.
De gréissten Deel vum Wanter hu mir hannert eis, d'Deeg ginn ëmmer méi laang, t'ass net méi sou traureg gro an däischter dobaussen. Mir kommen dem Fréijoer ëmmer méi no. Natierlech kann et ëmmer nach kal ginn. T'kann emol déi eng oder aner Flack falen, oder et kënnen souguer nach méi där Flacken falen, mee dat meescht hu mer geschafft. A wa mer un de Wanter denken deen hannert eis leit, net un deen deen kënnt, dann denke mer un d'Fréijoer. D'Fréijoer bréngt nees Faarf an de Gaart, Liewen an de Gaart, Bléien an de Gaart. Déi éischten Bléien déi dann ëmmer kommen sinn déi Knollenplanzen, déi een den Hierscht an de Buedem gesat huet wéi Tulpen oder Ouschterblummen.
Ei ei ei, lo gëtt et der bestëmmt ënnert Iech déi sech och iwwer déi Fréijoersambassadeuren freeën géifen, awer vergiess hunn virum Wanter d'Knollen an de Buedem ze setzen.
Kee Problem, do gëtt et e ganz einfachen Trick, wéi ech déi Situatioun kann an de Grëff kréien. Ech huelen meng Knollen, wann ech dann nach Tulpen oder Ouschterblummen hunn. Ech leeën se an d'Truh, loossen se eng Woch an der Truh leien an setze se dann an de Buedem, da kann et souguer nach klappen fir dass se Ouschteren bléien. Wann der e bësschen spéit un sidd, dann kann et iwwer Ouschteren erausgoen. Mee, dier wäert am Ufank eng Pracht u Bléien kréien, och wann der vergiess hutt am Hierscht är Fréijorsblummenaarbecht ze erleedegen.