D'Natur ass gesond fir eis, dat ass laang bekannt. Ma anscheinend hëlleft och schonn e Bléck op Natur-Biller bei Péng. An dat ass kee Placebo-Effekt. Dëst goung elo viru kuerzem aus enger Etüd vun der Uni Wien ervir, bei där d'Leit kuerz Videoen mat Motiver aus der Natur, enger Stad oder engem Banneraum gewise krute, Michèle Schons?

01/04/2025 D'Natur hëlleft géint Péng - och a Form vun engem Bild

Ganz vill Leit hunn d'Gefill dass et hinne gutt deet an der Natur ze sinn. Esou huet viru 5 Joer en Uni-Team vu Michigan scho festgestallt dass en Openthalt vun 20 Minutten am Gréngen de Cortisol-Spigel däitlech reduzéiert. Dass awer eleng den Ubléck vun der Natur Péng reduzéiert war 1984 vu Fuerscher zu Göteborg scho confirméiert ginn, deemno bräichte Patiente manner Medikamenter géint d'Péng, wann se duerch eng Fënster an d'Natur kënne kucken amplaz op eng stenge Mauer. D'Grënn dofir ware bis elo awer onkloer an elo gouf d'Aktivitéit am Gehier gekuckt vun 49 Leit déi kuerz Naturvideoe virgespillt krute, wärend se op hirer Hand kleng Elektroschocks mat ënnerschiddlecher Stäerkt kruten. Si sollten hei uginn, wéi staark se déi Péng spieren. D'Leit déi hei matgemaach hunn, hate beim Ubléck vun Naturszeenen manner Péng wéi bei deenen anere Motiver vu Stad a Banneraim.

Dat Ganzt gouf am Fachjournal "Nature Communications" publizéiert. Et ass och e bëssen anescht wéi bei engem Placebo. D'Gehier-Scans hunn a Verbindung mat den Naturvideoen eng reduzéiert Aktivitéit an deene Regioune gewisen, déi mat der Veraarbechtung vu Péng verbonne sinn, anescht wéi beim Placebo, deen an der Reegel eis emotional Reaktioun op d'Péng verännert. Hei ginn also déi kierperlech Signaler vum Gehier anescht verschafft. Den Effekt huet also manner mat den Erwaardungen an Emotiounen ze dinn, mä méi mat Verännerunge vun de Péng-Signaler. D'Fuerscher hunn och nach emol betount, dass d'Effekter ouni en tatsächlechen Openthalt an der Natur bewise goufen, nämlech eleng duerch Biller oder Videoen. Dëst géif natierlech och nei Dieren am privaten a medezinesche Beräich opmaachen a Mënschen eng einfach Méiglechkeet ginn, hir Péng ze reduzéieren, esou de Fuerschungsleeder Claus Lamm.

A wann eleng d'Biller vun der Natur schonn eppes bewierken, wat mécht dann e richtegen Openthalt am Bësch mat eis...?

RTL

© miSchons