
Money, Money, Money. Sue ware schonn 1976 bei der schweedescher Band ABBA e Sujet. An dat natierlech och bei de Leit dobaussen. Gefillt gëtt ëmmer alles méi deier an iwwert d’Ronne kommen ass net esou einfach. An awer gi mir am Alldag dacks Suen aus ouni grouss driwwer nozedenken. D’Céline Spithoven mat méi Detailer.
Hei 2 Euro, do e Croissant an och nach de Parking bezuelen. Och wann et dacks kleng Zomme sinn, kënnt um Enn vum Dag dach eppes zesummen. Ech hu bei Iech dobausse mol nogefrot, wou Dir am Dag so mer mol onnéideg Suen ausginn an do koum een dacks op de selwechte Nenner.
Ma egal op ee säi preparéiert Iessen doheem vergiess huet oder een einfach systematesch Mëttes eppes siche geet. Wann een dobaussen ësst, kann een och hei op e puer Saachen oppassen a Sue spueren.
Wien nëmmen eppes ze schneeke brauche, kënnt besser dovu wann ee sech eng Klengegkeet am Supermarché hëlt, wéi op déi nächst Tankstell ze fueren. Brauch een eppes Anstänneges ze Iessen, lount et sech ze kucke wéi eng Restauranten an der Géigend e Plat du Jour proposéieren. Déi sinn dacks méi gënschteg, wéi à la carte. Ofzeroden ass vu Fast Food Drive in. Dës Restauratioun huet fréier ëmmer als méi bëlleg gegollt, mëttlerweil kënnt een awer op anere Plaze méi bëlleg dovun a Fast Food hält bekanntlech och sou laang sat.
Wien awer wierklech Sue spuere wëll, dee sollt trotzdeem op de Wee goen sech selwer eppes Doheem ze preparéieren an dëst mat op d’Aarbecht ze huelen. Et kann ee sech zum Beispill direkt fir e puer Deeg virkachen oder einfach Rëschter mathuelen. Natierlech muss ee sech Zäit dofir huelen an och den Akaf organiséieren, mee op laang Dauer kann een domat de Portmonni schounen. Doheem kann ee sech deng Nuddel mat Pesto oder Tomatenzooss séier fir knapp 5 Euro kachen. Am Restaurant kascht esou e Plat gären tëscht 12 a 15 Euro. Natierlech kann ee mol auswäerts Iesse goen a sech e flott Iesse gënnen. Wien awer op seng Suen oppasse wëll, dee sollt dat net alldeeglech maachen.