
© PARAMOUNT PICTURES / Archives du 7eme Art / Photo12 via AFP
... 30 Joer gëtt dem Robert Zemeckis säi Film Forrest Gump mat 6 Oscaren ausgezeechent, dorënner dee fir de beschte Film, fir déi beschte Regie a fir dem Tom Hanks seng Haaptroll.
1907 geet de KaDeWe op. D'Kaufhaus des Westens ass dee Moment mat senge 60.000m2 dat gréisste Wuerenhaus an Europa. Et steet zu Charlottenburg, dat eréischt am Kader vun der Erweiderung no Westen zu Berlin gehéiere wäert - dohier de Numm. Am Laf vu senger Geschicht ass d'Gebai puermol ausgebaut ginn, sou dass säi Rayon fir Liewensmëttelen zanter 1978 deen zweetgréisste weltwäit ass.
1928 gëtt d'Compagnie Grand-Ducale d'Électricité du Luxembourg gegrënnt. D'Ofkierzung Cegedel gëtt 1997 zum offizielle Numm. 12 Joer méi spéit ass et d'Fusioun mat der Lëtzebuerger Soteg a mat Saar Ferngas, zanterhier heescht d'Firma Enovos.
Am Alter vu 34 Joer stierft de Juri Gagarin 1968 bei engem Trainingsvol mat engem Kampffliger. Den éischte Mann am Weltall wollt seng Ausbildung zum Pilot fäerdeg maachen, déi wéinst sengem Kosmonautentraining ausgesat gi war. Iwwert déi genee Ursaach vum Accident gëtt bis haut spekuléiert.
1977 kënnt et op Teneriffa zum gréissten Accident vun der ziviller Loftfaart, wéi duerch e Malentendu am décke Niwwel zwee Jumbojette matenee kollidéieren. 583 Passagéier kommen ëm d'Liewen, just 61 kënne gerett ginn.
De neie Prisong zu Weiterstadt, no beim Frankfurter Flughafen, ass 1993 mol nach net fäerdeg, wéi d'Rote Armee Fraktion en Uschlag mat 200kg Sprengstoff drop lancéiert. Affer si glécklecherweis keng ze bekloen. Et sollt dat lescht grouss Attentat si vun der RAF virun hirer Opléisung 1998.
Zu Manching a Bayern flitt 1994 fir déi éischte Kéier den Eurofighter EF 2000. De Projet vun engem gemeinsamen europäesche Kampfjet géint d'Gefore vum Warschauer Pakt war 1983 vun Däitschland, Italien, Spuenien a Groussbritannien an d'Liewe geruff ginn. Et wäert awer nach bis 2003 daueren, bis déi éischt Eurofighteren ausgeliwwert ginn.