Yoga, Meditatioun oder eng gutt waarm Bidden... Et gëtt vill Méiglechkeete fir Entspanung ze fannen. Och puzzelen ass eng Methode, déi engem déi néideg Rou brénge kann. A wa manner Oflenkung niewebäi leeft an een sech besser op d'Motiv fokusséiere kann, hëlleft dat engem automatesch aus dem hekteschen Alldag erauszeklammen, Michèle Schons?

14/03/2025 Firwat ass puzzele gutt fir eise Kapp?

Genee, puzzelen ass souzesoen en Training fir de Kapp, bei deem ee Schrëtt fir Schrëtt aus dem Chaos Uerdnung schaaft an Deel fir Deel der Léisung méi no kënnt, wat e ganz staarken Effekt op eist Wuelbefannen huet. Et stimuléiert eist Gehier. Hei mussen nämlech béid Gehierdeeler zesumme schaffen: déi lénks Säit ass duerch d'Logik an d'analytescht Denken fir d'Sortéiere responsabel an déi riets Hallschent déi fir d'Kreativitéit zoustänneg ass, gëtt stimuléiert, wann een d'Motiv betruecht. Dës simultan Aktivéierung verstäerkt d'Verbindung tëscht de Gehierzellen.

Als Erwuessene vergësst een dacks, wéi wichteg d'Spille fir eis mental Gesondheet ass. Beim entspaante Puzzelen geet net nëmmen d'Otemfrequenz, ma och Bols an de Bluttdrock erof. Schonn e klengen Zwëschenerfolleg suergt derfir dass den Neurotransmitter Dopamin ausgeschott gëtt. E Puzzle ass och gutt, wann ee grad kee Spillpartner huet, oder einfach mol gären eleng ass. Ma och an der Equipe mécht d'Puzzele Spaass.

Déi vill positiv Aspekter sinn e gudde Grond fir dat Ganzt mol ze probéieren. Am beschte mat engem 500er ufänken, mat ënnerschiddleche Faarwen an Detailer, iert een sech da vergréissert. Alles wat ee brauch ass gutt Liicht, genuch Plaz an eng fest Surface oder eng Puzzlematt.

Wann der u Puzzlen a Brietspiller interesséiert sidd, Donneschdes Owes gëtt an der Spillfabrik zu Lëntgen gespillt: