... 95 Joer gëtt Konstantinopel an Istanbul ëmbenannt. Obwuel et nach ëmmer déi gréisste Stad vun der Tierkei ass, bleift Angora awer weider d'Haaptstad vum Land. Mä och si krit mat Ankara e neie Numm.

28/03/2025 Haut virun...

1882 féieren d'Fransousen d'Schoulflicht an fir Kanner tëscht 6 an 13 Joer - den Unterrecht ass gratis. D'Herzogtum Pfalz-Zweibrücken war 1592 de weltwäit éischten Territoire mat esou engem Gesetz. Hei zu Lëtzebuerg gëtt d'Schoulflicht 1912 agefouert.

1939 eruewert de Francisco Franco déi spuenesch Haaptstad Madrid. Domat geet de Spuenesche Biergerkrich op en Enn, an d'Land steet bis zu den éischte fräie Wale 1977 ënnert der Kontroll vum Diktator sengem rietsgeriichte franquistesche Regimm.

Fir sech an enger Tëleesemissioun besser ausdrécken ze kënnen, benotzt de brittesche Wëssenschaftler Sir Fred Hoyle 1949 den Therm Big Bang, fir iwwer déi Theorie vum Entstoe vum Weltall ze referéieren. Wichteg dobäi z'erwänen ass, dass den allgemeng onbequeemen Hoyle e Géigner ass vun där Urknall-Theorie.

1964 geet Radio Caroline op Sendung. Well Privatsenderen a Groussbritannien verbuede sinn, installéiere si sech 3 Meile virun der Côte vun Essex op engem Schëff, dat ënnert dem Fändel vu Panama registréiert ass. Radio Caroline gëtt Kult, iwwerlieft puer Ofschaltungen, iwwerdréit bis 1990 vum Mier, an ass haut e reguläre Radiosender. Dat éischt Lidd war Not fade away vun de Rolling Stones.

1979 kënnt et zu engem eeschten Tëschefall am Atomreakter op Three Mile Island bei Harrisburg an den USA, bei deem eng onbekannte Quantitéit Radioaktivitéit fräigesat gëtt. Beim Opschaffe vum Accident, dat 14 Joer dauert, geschéie sëllege Pannen a kee wëllt gleewen, dass fir d'Populatioun keng Gefor bestanen huet.

2006 ginn a Frankräich ronn 3 Millioune Leit op d'Strooss, fir géint de neie Contrat première embauche ze protestéieren. Dat geplangte Gesetz soll et de Patronen erlaben, en Employé ënner 26 Joer ouni Preavis an ouni Grond ze nenne kënnen z'entloossen, wann e manner wéi 2 Joer bei hinne geschafft huet. 3 Deeg méi spéit annoncéiert de President Jacques Chirac live op der Tëlee, dass hien Adaptatioune vum Gesetz ugefrot huet.