
© Roland-Pierre Paringaux / AFP
... 52 Joer verloossen déi lescht US-amerikanesch Zaldoten Vietnam. De Krich wäert awer nach 2 Joer weidergoen, um Enn wäert de Süde vum Land vu Nordvietnam annektéiert ginn.
1971 ginn zu Los Angeles den Charles Manson an 3 Komplize vu senger Family zum Doud an der Gaskummer verurteelt. Si hate bannent 2 Deeg 5 Leit ermuert, dorënner d'Actrice Sharon Tate an hiren ongebuere Jong. Wéinst enger Ännerung vum kalifornesche Gesetz gëtt d'Urteel awer spéider a liewenslaange Prisong ëmgewandelt.
1972 huelen déi schweedesch Museker Agnetha Fältskog, Anni-Frid Lyngstad, Benny Andersson a Björn Ulvaeus mat People Need Love hiert éischte Lidd op. Nach si si kee feste Grupp, sou dass hir Virnimm als Interprete genannt ginn. Et ass de Startschoss vun enger Grupp, déi spéider als ABBA weltwäite Succès feiere sollt.
1989 ass et zu Paräis am Haff vum Louvre d'Ouvertureszeremonie vun der Glaspyramid. Et ass den Optakt vum weideren Ausbau vum Musée. Dem chineesesch-amerikaneschen Architekt Pei seng 180 Tonne schwéier Konstruktioun gëtt ugangs staark kritiséiert. Gäre gëtt gesot, de François Mitterand hätt hei eng Grafkummer fir d'Sozialiste baue gelooss.
Zu Lissabon geet 1998 de Ponte Vasco da Gama op. Mat 17,2km ass et, entretemps, déi zweetlängste Bréck an Europa. Si gëtt am Kader vun der Weltausstellung Expo 98 gebaut, fir de Nord-Süd-Trafic an der portugisescher Haaptstad z'entlaaschten.
2004 ass et déi zweete Phas vun der NATO-Osterweiderung. No Polen, Tschechien an Ungarn ginn elo déi fréier Länner vum Warschauer Pakt Bulgarien, Estland, Lettland, Litauen, Rumänien, Slowakei a Slowenien Member vun der NATO. Dee selwechten Dag ass Irland dat éischte Land, an deem e Fëmmverbuet a Kraaft trëtt.
Mat engem Schreiwes un den Europäesche Rot leet déi brittesch Premierministesch Theresa May 2017 den Austrëtt vun hirem Land aus der Europäescher Unioun an d'Weeër. Doduerch fänkt eng 2 Joer laang Verhandlungsphas un, déi 2019 nach 3x verlängert wäert ginn. Zum definitive Brexit kënnt et Enn Januar 2020.