
© afp
Jidderee schwätzt grad iwwer "Adolescence"! Net fir näischt steet déi brittesch Serie weltwäit op der Plaz 1 vun den Netflix-Charts. "Adolescence" erzielt, mat enger erdréckender Prezisioun, wéi ee Schüler an de Strudel vun extremistesche Gedanken ofrutscht a kritt doduerch eng enorm gesellschaftlech Relevanz.
Den 13-järegen Jamie Miller gëtt verdächtegt, e Meedchen aus senger Klass erstach ze hunn. Den Jamie bestreit dat - d'Beweislag ass allerdéngs erdréckend. "Adolescence" interesséiert sech awer manner fir d'Dot selwer, mee méi fir d'Hannergrënn. Een zentraalt Thema ass nämlech d'Online-Radikaliséierung vu jonke Männer. D'Serie weist wéi Jonker mat extremisteschen Ideologien an toxesche Männlechkeetsbiller confrontéiert ginn an d'Algorithme vu soziale Plattformen ewéi YouTube, TikTok oder Discord User zu ëmmer méi radikale Contenue féieren.
D'Inszenéierung vun "Adolescence" léisst engem keen Auswee. Déi véier Episode goufe jeeweils an engem eenzegen Take gedréint. D'Kamera bleift also radikal dobäi - wann den Jamie festgeholl gëtt, wann d'Léierpersonal a Matschüler probéieren ze verschaffe wat geschitt ass oder wann an enger Therapiesëtzung dem Jamie säin ënnerleche Konflikt kloer gëtt. Et ass wéi bei engem Theaterstéck: D'One-Shot-Technik rappt de Public direkt an d'Handlung eran a léisst net méi lass.
Den Jamie Miller gëtt gespillt vum 15-järegen Owen Cooper. Mat senger Roll als verstéierte Jugendlechen, deen tëschent Angscht, Trotz a Resignatioun hin an hier gerappt ass, liwwert den Schauspiller mat Sécherheet eent vun den intensiivsten Nowuess-Debuten aus de leschte Joer. D'Casting-Direktesch Shaheen Baig huet dobäi ganz spezifesch een onbekanntent Talent gesicht. Statt etabléiert jonk Stars ze casten, huet d'Baig brittesch Theatergruppe gescouted. Dobäi huet si den Owen entdeckt, dee bis zu deem Zäitpunkt just hobbyméisseg Drama-Course geholl hat.
"Adolescence" ass méi wéi eng Geschicht iwwert ee verluerene Jugendlechen. D'Serie weist net nëmme wéi digital Radikaliséierung funktionéiert, mee och, firwat se esou schwéier ze stoppen ass. Dobäi stellt d'Serie provokativ Froen: Wien dréit d'Verantwortung? D'Elteren? D'Plattformen? D'Gesellschaft? "Adolescence" gëtt awer keng einfach Äntwerten - vläicht mécht genee dat se esou erschreckend glafwierdeg. "Adolescence" ass keng "leichte Kost", awer wichteg fir ze verstoen, wéi sozial Medie jonk Mënsche präge kënnen.