"GoGo VELO" ass eng Initiative vu ProVelo an dem Klima-Bündnis Lëtzebuerg mat der Ënnerstëtzung vum Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten. Mat der Missioun "An 42 Deeg ronderëm d'Welt" hat d'Initiative d'lescht Joer groussen Erfolleg: Déi ronn 560 Participante haten zesumme bal 160.000 Kilometer mam Vëlo gemaach am domat knapps véier Mol d'Äerd ëmkreest! Den 22. Abrëll start déi nei Missioun "Ride me to the moon".

09/04/2025 GoGo VELO: "Ride me to the moon"

D'Iddi hannert der Missioun: Nei Leit op eng spilleresch Aart a Weis op de Vëlo kréien, awer och Leit déi scho souwisou mam Vëlo ënnerwee si bei der Staang halen. D'Missioun "Ride me to the moon" leeft den 22. Abrëll un a geet bis den 31. Mee - also genee 40 Deeg. Matmaache kann een iwwert eng App.

Jo Klein, ProVelo: "Mir hunn eis d'Zil gesat, dëst Joer als Lëtzebuerger Communitéit mam Vëlo bis op de Mound ze fueren. Dat sinn 380.000 Kilometer. Mir hunn eis also erëm e grousst Zil gesat an hoffen, dass mir dat dëst Joer erëm erreechen. Fir matzemaache muss ee sech d'App 'Radbonus ll' op de Smartphone eroflueden. Wann een dann den Access-Code 'GoGoVELO' agëtt, kënnt een an eis GoGo VELO-Welt. Esoubal een da mam Vëlo ënnerwee ass, muss een d'App starten. Déi tracked dann automatesch d'Kilometer déi ee fiert an duerch déi gesammelt Kilometer kann ee sech da qualifizéieren fir verschidde flott Präisser ze gewannen."

Fir bei der Missioun "Ride me to the moon" Präisser ze gewannen, muss ee verschidden Challenges erfëllen - entweder wärend deene 40 Deeg eng bestëmmten Unzuel vu Vëlosdeeg erreechen, oder eng bestëmmten Unzuel u Kilometere sammelen. D'Präisser gi vu bis: "Et muss ee sech d'App 'Radbonus ll' op de Smartphone eroflueden. Wann een dann den Access-Code 'GoGoVELO' agëtt, kënnt een an eis GoGo VELO-Welt. Esoubal een da mam Vëlo ënnerwee ass, muss een d'App starten. Déi tracked dann automatesch d'Kilometer déi ee fiert an duerch déi gesammelt Kilometer kann ee sech da qualifizéieren fir verschidde flott Präisser ze gewannen."

Dee positive Feedback vun de Leit géif bestätegen, dass esou Missiounen dozou motivéieren op de Vëlo ze klammen, esou nach de Jo Klein vu ProVelo. Et géif awer net nëmmen drëms goe fir ze animéieren a Präisser ze verspillen, mee virun allem dorëms, politesch Aarbecht am Hannergrond ze leeschten, fir d'Transportmëttel Vëlo ëmmer méi ze fërderen.

RTL

© ProVelo.lu