
© Pixabay
... 38 Joer gëtt zu London e Bild aus der Sonneblumme-Serie vum Vincent van Gogh fir 24,75 Millioune Pond versteet, an domat dat deierste Konschtwierk vun der Welt. Keefer ass eng japanesch Versécherungsgesellschaft.
Dat russescht Zareräich verkeeft 1867 seng Kolonie Alaska fir 7,2 Milliounen US-Dollar un d'Vereenegt Staaten. Obwuel méi héich, refuséiert den Zar eng brittesch Offer. Ronn 150 Joer méi spéit komme Gerüchter op, dass d'Russen dësen Territoire fir d'éischt der Principautéit vu Liechtenstein ugebueden haten. Offiziell confirméiere kann de Klengstaat des Thees awer ni.
Zwou amerikanesch Firmen, déi Friichte verkafen, schléisse sech 1899 zesummen a grënnen d'United Fruit Company. 1984 gëtt déi Entreprise ëmbenannt an Chiquita Brands International a gëtt zum gréisste Bananneproduzent vun der Welt. Chiquita bedeit "klengt Meedchen", oder kann op spuenesch eng léif Uried fir eng Fra sinn.
New York a seng Brécken. 1909 geet d'Queensboro Bridge op. Auto- an Zuchverkéier verlafen iwwer 2 Stäck, an déi 2470 Meter laang Bréck verbënnt iwwert den East River d'Bezierker Manhattan a Queens. Zwee vun hire Piliere stinn an der Mëtt vum Floss op der schmueler Roosevelt Island, op där fréier Spideeler an e Prisong waren.
Vill USA haut... 1964 leeft op der amerikanescher Tëlee déi éischte Folleg vun Jeopardy! An där Quizsendung, déi a méi wéi 30 Länner exportéiert gëtt, ginn d'Froen op d'Äntwerte gesicht, an de Gewënner hëlt erëm un der nächster Emissioun deel. De Rekord fir déi meescht Participatiounen um Stéck läit bei 74.
Beim Verloosse vun engem Hotel zu Washington gëtt 1981 op den Ronald Reagan geschoss. Den amerikanesche President gëtt getraff, iwwerlieft awer mat Chance. Den Eenzeltäter John Hinckley jr. kann op der Plaz festgeholl ginn. Hie wollt mat senger Dot d'Opmierksamkeet vun der Actrice Jodie Foster erreechen, an déi hie verléift war.
An zum Schluss... bleiwe mir an de US of A. Bei den Academy Awards 1992 heescht de grousse Gewënner vum Owend Silence of the Lambs. Den Thriller mat Jodie Foster an Anthony Hopkins gewënnt jeeweils en Oscar an de 5 wichtegste Kategorien. Et ass deen drëtten, a bis haut leschte Film, bei deem dat Konschtstéck gelénge sollt.