Up Foundation ass eng kleng operativ Stëftung zu Esch, déi sech 2018 gegrënnt huet. D'Positiv Entwécklung vun de Kanner steet am Fokus vun hiren Aktivitéiten, déi op 4 Pilieren opgedeelt sinn. Dat wiere Bildungslandschaften, Empowerment, Benevolat a Petite enfance, fir konkret Projeten op d'Been ze stellen.

15/04/2025 Benevole bei Up Foundation

D'Kanner kommen elo net bei si, mä Up Foundatioun geet bei d'Kanner, sief et an d'Schoulen an d'Maison Relais oder eben do wou Kanner ze fanne sinn. Up Foundation schloe konkret Projete vir, déi da vun der Gemeng kënnen iwwerholl ginn, erkläert d'Elisabeth Adams.
Zum Beispill maache mer elo an der Stad hei e Projet, déi heescht Megare. Do geet et dorëms, datt d'Kanner de Quartier Gare mat kënne gestalten oder mir hunn grad zu Ettelbréck eist klengt KiViduerf (Kids Village), dat ass ee Holzduerf. Do kënnen d'Kanner dra spillen an d'Motorik erfueren.

De Benevolat lieft da virun allem duerch de Projet Tandem, deen eenzege Mentorats-Programm zu Lëtzebuerg.
Mir matche Kanner am Alter vun 8 bis 12 Joer mat engem Benevole an déi zwee ënnerhuelen dann iwwer ee Joer Aktivitéite zesummen. Dat sinn ganz einfach Saachen, wéi zum Beispill eng Schocki drénken oder an d' Schwämm goen oder mol Vëlo fueren. A ganz vill Kanner wëlle just eraus mam Hond trëppelen, dat ass eng grouss Demande dofir do. Dat ass ee ganz personaliséierte Matching. Mir matchen elo net ee vu Steesel mat engem Kand vu Maacher zum Beispill, dat geet dorëms der sur place ze maachen. A fir de Matching schaffe mir mat Institutiounen zesummen, wéi Maisons Relaisen, Schoulen oder och mat der Croix Rouge, Elisabeth, Arcus an déi identifizéieren am Fong Kanner fir eis, déi kéinten vum Programm profitéieren.

Dat kënne Kanner sinn, déi méi zréck gezu sinn oder Kanner, déi nei am Land sinn. A fir dee Projet ginn nach Benevoller gesicht.
All Benevole vun 18 Joer un ka matmaachen, dee muss bei eis eng Formatioun maachen, vun dräi Stonnen, do kläre mir iwwert de Projet op, iwwer Kannerrechter, mir hunn déi Formatioun mam OKaJu entwéckelt, wat kéint gemaach ginn bei der éischter Renconter. Wat och eng kriddeleg Situatioun kéint sinn, wéi kéint déi geléist ginn, dat ass am Fong deen eenzegen Deel, deen hie muss bei eis maachen. An ofgesinn dovu muss hien de Casier Nummer 5 eidel hunn, natierlech.

Up Foundation koordinéiert a suivéiert wéi dat ofleeft beim Projet Tandem.
Mir koordinéieren am Fong besonnesch dee Volet Benevolat herno. Mir bidden dee Benevollen ee Stammdësch un all 2 Méint, soudatt mir esou eng kleng Community kreéieren. An do kënne mer och Sujeten diskutéieren, déi ufalen. Et geet dorëms, deene Benevollen och e richtege Suivi ze ginn.

Melle kann een sech bei