Vun haut u brauch een eng "Electronic Travel Authorization" fir a Groussbritannien anzereesen. E gültege Pass eleng geet also net méi duer. Dat gëllt fir Leit aus Lëtzebuerg an alleguer deenen aneren EU-Staaten, fir déi et an de UK keng Visum-Flicht gëtt.

02/04/2025 ETA: How to Areesen a Groussbritannien

D'ETA-Registréierung muss fir all Persoun déi areest eenzel gemaach ginn. Et gëtt keng Altersgrenz, dat heescht Eltere mussen och eng Geneemegung fir hir Kanner a Bëbeeën ufroen. Dobäi ass et och egal mat wéi engem Transportmëttel een a Groussbritannien areest. Just Leit déi mam Fliger reesen, a Groussbritannien ëmklammen an dobäi den Transitberäich vum Fluchhafen net verloossen, brauche keng ETA.

Déi elektronesch Areesgeneemegung kann een iwwert déi offiziell ETA-App ufroen. Dofir muss ee seng perséinlech Donnéeën uginn an e puer Sécherheetsfroe beäntweren. Donieft muss een zwou digital Fotoen eroplueden: Eng Foto vu sengem Reespass an eng zousätzlech Portrait-Foto vu sech selwer, déi net méi al dierf sinn ewéi sechs Méint. D'Registréierung kascht aktuell nach 10 Pond, also ronn 12 Euro. Vum 9. Abrëll u geet de Präis dann awer op 16 Pond erop, dat si ronn 19 Euro. Bezuele kann ee mat der Kreditkaart, Apple oder Google Pay. Déi meescht Demandë ginn automatiséiert schonn no e puer Minutten traitéiert, déi offiziell Beaarbechtungszäit läit awer bei 72 Stonnen - also léiwer mat Zäiten u sinn.

D'Electronic Travel Authorization huet dann eng Gültegkeet vun zwee Joer, respektiv bis de Pass ofleeft, wat och ëmmer éischter de Fall ass. Wärend där Period kann een esou oft ee wëll a fir maximal 6 Méint um Stéck an England, Schottland, Nordirland oder Wales areesen. Ausserdeem kéint een zum Beispill och bis zu dräi Méint an de UK schaffen.

Och d'EU plangt eng elektronesch Areesgeneemegung - d'ETIAS soll nach dëst Joer a Kraaft trieden. D'Geneemegung soll, um ganzen EU-Territoire, fir Reesender aus Drëttstaate gëllen, déi ouni Visum an d'EU areesen dierfen. Déi brittesch Regierung erwaart sech mat hirer ETA Recetten a Milliardenhéicht.