
© Pixabay
Zesumme mat Groussbritannien garantéiert Frankräich 1939 de Polen hir Hëllef, sollt hir Onofhängegkeet an iergendenger Form bedréit a militäresch musse verdeedegt ginn. An deem Fall géife si dem Däitsche Räich de Krich erklären. Wat ronn 6 Méint méi spéit jo dann och geschéie sollt.
Den onofhängegen Dominion Neifundland gëtt 1949 ënnert dem Numm Neifundland a Labrador zur 10. Provënz vu Kanada. Des läit am Nordoste vum Land, bësse méi wéi eng hallef Millioun Leit wunnen do, hir Haaptstad heescht St. John's an déi postalesch Ofkierzung ass NL. Net verwiessele mat den Hollänner w.e.g.
Rekord fir d'Beatles. 1964 sti si op de Plazen 1 bis 5 an den amerikanesche Billboard Charts. Dozou komme 7 weider Lidder an den Top 100. Wärend 12 Wochen um Stéck kënnen d'Fab Four sech op Plaz 1 halen. De Rekord vun am Ganzen 20 verschiddene Lidder un der Spëtzt vun deem Klassement ass bis haut net iwwerbuede ginn.
3 Schoulfrënn maache 1971 zu Seattle hiren éischte Buttek fir Kaffi, Téi a Gewierzer op. Starbucks ass domat gebuer. De Numm ass inspiréiert vun der Figur vum Steiermann Starbuck aus dem Roman Moby Dick. Weltwäit ginn et gutt 40.000 Filialen, déi pro Joer, geschat, eng 4 Milliarden Tase Kaffi verkafen.
Haut viru 40 Joer ass am Madison Square Garden zu New York déi éischte Wrestlemania. Déi gréisste Wrestlingshow vum Joer zitt zanterhier sëlleg Spectateuren, an och Staren un. Bei Wrestlemania 38 zu Dallas waren 131.372 Zuschauer am Stadion. 21 Joer hannerteneen konnt (duerft) den Undertaker seng Matcher bei deem Mega-Event gewannen.
1991 ginn déi militäresch Strukture vum Warschauer Pakt opgeléist. Déi a Polen, der Tschechoslowakei an Ungarn stationéiert sowjetesch Truppe ginn ofgezunn. De Pakt selwer fënnt um 1. Juli säin Enn. Dat sowjetescht Militär um Gebitt vun der fréierer DDR bleift awer nach bis Mëtt 1994 bestoen.