... 24 Joer sinn d'Hollänner déi éischt, déi den homosexuelle Mariage erlaben. Entretemps sinn et 39 Länner, an deene gläichgeschlechtlech Bestietnisser méiglech sinn.

01/04/2025 Haut virun...

Haut virun 110 Joer ass et am Éischte Weltkrich den éischten erfollegräichen Asaz vun engem Arméisfliger. Engem gewësse Roland Garros geléngt et, ee vu 4 däitschen Doppeldeckeren ofzeschéissen. Déi aner 3 maache sech doropshin aus dem Stëbs. De Garros seet duerno, et wier en Albdram ze gesinn, wéi en aner Fliger a Flamen opgeet.

Déi dänesch Kolonie Dänesch-Westindien geet 1917 fir 25 Milliounen US-Dollar an de Besëtz vun den USA iwwer, an heescht zanterdeem Amerikanesch Jongfrainselen. Net ze verwiessele mat de spueneschen oder de brittesche Virgin Islands, leien dës ronn 60 Inselen ëstlech vu Puerto Rico a sinn ee net inkorporéiert Baussegebitt vun de Vereenegte Staaten.

Zesumme mat anere Bedeelegten un engem Putschversuch gëtt den Adolf Hitler 1924 zu 5 Joer Prisong verurteelt. No 9 Méint gëtt en awer scho rëm op Sursis fräigelooss. Wärend senger Inhaftéierung schreift den Hitler säi Buch "Mein Kampf", dat e Joer méi spéit als politesch-ideologesch Hetzschrëft erauskomme wäert.

1979 rifft den Ayatollah Khomeini d'Islamesch Republik Iran aus. Nom Stuerz vum Schah Mohammad Reza Pahlavi gëtt hien den ieweschte Leader vum Land, dat sech an engem Referendum mat 97% fir déi Staatsform amplaz vun enger Monarchie ausgeschwat hat.

An der Géigend vun der chineesescher Insel Hainan kollidéieren 2001 zwee Fligere mateneen. De chineesesche Kampfjet fält erof, deen aneren, en amerikanesche Spionagefliger, muss a China noutlanden. Déi 24 Mann Equipage kënnen hiert sensibel Donnée net all zerstéieren, éiert se festgeholl a verhéiert ginn. En Incident, dee fir diplomatesch Spannunge suergt tëscht Ost a West.

Dee selwechten Dag, um 1.Abrëll 2001, gëtt zu Belgrad de serbesche Leader Slobodan Milošević festgeholl. Him gi vum Internationale Geriichtshaff zu Den Haag Krichsverbriechen a Verbrieche géint d'Mënschlechkeet virgehäit. Dem Milošević seng Bodyguarden hate sech 33 Stonne laang géint seng Verhaftung gewiert.