Wann een vill Hausdéieren doheem huet, dann weess een dacks schonn wat lass ass, wann ee sech déi éischt Symptomer als Laien ukuckt. Mee et weess een awer net, dass sech dohannert nach vill méi eppes Schlëmmes verstoppe kann. Dofir ass et ëmmer gutt dem Expert e Wuert ze vergonnen, oder direkt bis laanscht ze goen. D'RTL Déierendoktesch Romi Roth huet haut e konkrete Fall derbäi, deen dat gutt beleet.

Dem Hellege Birma Kueder Babelutte seng Leit si mat him komm well hien an de leschten Deeg ganz apathesch wier an och den Duerchfall hätt. Wéi mir dee soss ganz gedëllegen Kärel ënnersicht a virun allem säin opgelafene Läif duerch getaascht hunn, ass hien op eemol richteg ongemittlech ginn. Och d´Ënnersichung mat der Ultraschall-Sonde, mat där een dann e bësse méi fest iwwert de Bauch fiert, huet him guer net gefall, wat hien mat vill Fauchen a Gejäiz ganz däitlech gewisen huet.

Romi Roth - Duerchfall dee keen war - Diagnos

Dat ass jo och net agreabel wann een de Bauch scho souwisou wéi huet. Et huet awer misse sinn. A mat Ultraschall- a Röntgen-Kontrast-Ënnersichung hu si dunn och gesinn, wou d´Kromm an der Heck louch.

Dem Babelutte säin Geträips war op der Héicht tëscht dem leschte Stëppel Dënn- an dem éischten Deel vum Déckdaarm ganz zougesat. Et gouf do och keng Peristaltik méi. Dat ass déi Muskelaarbecht mat där de Verdauungsbräi transportéiert gi soll. De Babelutte hat eng uerg Träipeverschlëppung mat Daarmverschloss. Säin Duerchfall war am Fong just e bësse Flëssegkeet, déi hien nach laanscht de Barrage gequëtscht krut. Bei der Operatioun, gouf och kloer wouhier de Mëssel komm war: de strikten Hauskueder hat vu Langweil eng Rous aus engem Bouquet gefriess, dee nach vu Vältesdag do stoung. A well dat dréchent Planzematerial den Daarm wéi e Boxelastik opgefiedelt an déi vill ofgeschléckte Fliichten vum Wanterpelz och näischt gehollef haten, wier et op een Hoer dem Babelutte säi Lescht gewiescht.

Romi Roth - Duerchfall dee keen war - Feststellung