US-Marken ewéi Meta, Coca-Cola, Nike oder Apple dominéieren zanter ville Joeren den europäesche Marché. D'Online-Beweegung "BuyFromEU" rifft awer elo dozou op, geziilt US-Produiten ze evitéieren an amplaz op europäesch Alternativen zeréckzegräifen - aus politeschen, wirtschaftlechen an ethesche Grënn.

26/03/2025 "BuyFromEU": EU-Alternativen zu US-Produiten

D'Zil vu "BuyFromEU" ass et, europäesch Entreprisen an domat och déi europäesch Wirtschaft ze stäerken, a méi onofhängeg vun den USA ze ginn. Fonnt huet d'Community sech op Reddit - "BuyFromEU" huet do aktuell knapps 190.000 Memberen. Si all sinn onzefridde mam Donald Trump a senger Politik. Besonnesch dem US-President seng Zweifel un der Nato, déi aggressiv Taxen an den eminenten Handelskrich maachen hei an Europa vill Suergen. Ob Liewensmëttel, Kleeder, Servicer oder Elektronik - d'User tausche sech doriwwer aus, wéi eng europäesch Alternativen et ginn a wéi gutt se sinn. Natierlech däerf och typesche Reddit-Humor net feelen. Zum Beispill gëtt den Asterix als europäesch Äntwert op Marvel gefeiert oder den Drake verréit engem wéi eng Outdoor Gear ee kafe soll.

Wat als banalen Hashtag ugefaangen huet, ass mëttlerweil eng richteg Beweegung ginn. "BuyFromEU" gëtt vun enger Ekipp vu Fräiwëllege geleet, déi elo och de passenden Internetsitte

lancéiert huet. Dat ass eng Aart Datebank, déi fir vill US-Produiten europäesch Alternative virschléit. De Projet gëtt aktuell just duerch privat Donen finanzéiert, soll awer ëmmer weider wuessen.

Een aktuellt Beispill fir eng EU-Alternativ zu engem US-Produit ass "Docs". Dat ass en Tool fir Text ze verschaffen, deen op Initiativ vun den Digitalministèrë vu Frankräich an Däitschland entwéckelt gouf. "Docs" soll ganz bewosst Google Docs d'Stier bidden. De Code vun "Docs" ass als Open-Source-Datei online fräi accessibel a kann esou ganz einfach an déi eege Websäit integréiert ginn. "Docs" huet all déi néideg Funktioune fir déi gemeinsam Aarbecht un engem Text: Beaarbechtung an Echtzäit, Offline-Modus an den Export als PDF- oder Doc-Datei. Ausserdeem setzt "Docs" op besonnesch héijen Dateschutz.

Ob d'Initiativ "BuyFromEU" tatsächlech Auswierkungen op den Ëmsaz vu groussen US-Konzerner huet, ass nach net gewosst. Dass vill Mënschen an Europa sech no lokalen Alternativen ëmkucken, ass awer sécherlech eng grouss Chance fir europäesch Entreprisen.