
© Daniel Nartschick
D'Kimberly Nelting ass 2017 Karate-Weltmeeschterin bei de Juniorinnen an 2021 Europameeschterin bei den U21 ginn. Am Laf vun där sportlecher Karriär huet sech awer eng ongesond Relatioun mam Sport entwéckelt. Dat huet dozou gefouert, dass d'Kimberly nom EM-Titel 2021 mam Karate opgehalen huet. Elo studéiert déi fréier international Top-Athletin Schauspill op der UdK zu Berlin.
Nelting gëtt Darcy-Mae
Nom EM-Titel huet d'Sportlerin mam Karate opgehalen an e komplette Cut gemaach. Säit zwee Joer verfollegt d'Kimberly mëttlerweil säin Dram Schauspillerin ze ginn! Mam Wiessel vun der Karriär huet hatt och säin Numm gewiesselt: "Am Sport gouf mäin Numm international ëmmer falsch ausgeschwat. Et war ni 'Nelting', et war ëmmer 'Netling' oder 'Nolting'. Wéi ech du méi an de Film-Business wollt eragoen, hunn ech mir geduecht, dass et besser wier een Numm ze hunn deen e bësse méi einfach iwwert d'Zong geet. Mäin zweeten Numm ass effektiv 'Darcy-Mae' an dat kléngt einfach besser. Fir mech ass et och cool Sport a Schauspill domat kloer ze trennen."
Leeschtungsdrock
All Dag Training, an de Vakanze Stagen, konstant op d'Gewiicht mussen oppassen, all dräi Wochen eng Kompetitioun - ganz egal ob krank, verletzt oder net: De konstante Leeschtungsdrock als Athletin huet d'Kimberly Darcy-Mae, scho laang ier hatt mam Karate opgehalen huet, verfollegt. Dobäi koum, dass d'Motivatioun fir de Sport méi vun aneren ewéi vun him selwer komm ass: "Ech géif soen, dass et ni just vu mir komm ass, a méi vu baussen. Dofir war et net durabel. Wann een e Sport bis zum Schluss mam Häerz wëll maachen, muss een et och selwer onbedéngt wëllen."

© Axa Assurances
Déi schwéier Iwwerschwemmungen, eng Verletzung a vill Diskussioune mat sengen Traineren hunn d'Kimberly an der Zäit virun der Europameeschterschaft kierperlech a mental immens belaascht. Nieft der EM wollt d'Athletin an deem Joer am Fong och nach bei der WM untrieden. Wärend enger Autofaart mat villen Tréinen huet hatt dunn awer decidéiert, dass d'EM 2021 effektiv déi lescht Kompetitioun sollt ginn: "Wéi ech vum Training heemgefuer sinn, hunn ech doriwwer nogeduecht. Op eemol hunn ech geduecht: 'Wat wier wann déi EM einfach deng lescht Kompetitioun wier.' A mäin Häerz ass esou liicht ginn. Mäi ganze Kierper ass esou liicht ginn. An dunn hunn ech mir gesot, dass ech déi Decisioun misst treffen an dat duerchzéien."
D'Goldmedail bei der EM koum onerwaart, bleift dem Kimberly awer mat all sengen anere grousse Victoiren a gudder Erënnerung - genau esou wéi déi vill Reesen zesumme mat senger Ekipp, déi wéi eng Famill gi war.

© Anssi Takala
Zäit nom Karate
D'Zäit nom definitive Cut mam Karate war haart: Déi ganz Struktur am Liewen, déi ganz Identitéit an déi ganz Unerkennung zu Lëtzebuerg waren op eemol fort: "Et goufen zwou Gruppen. Engersäits déi Leit déi mech komplett ënnerstëtzt hunn an déi gesot hunn: 'Maach dat wat's du wëlls maachen.' An op där anerer Säit goufen et déi Leit déi gesot hunn: 'Wat méchs du? Du geheis alles fort!' An dat ass dann och schwéier, well du muss emol selwer erausfannen 'Wat wëll ech iwwerhaapt maachen?' a 'Wie sinn ech ausserhalb vum Karate?'"
D'Entscheedung säi Kandheetsdram "Schauspillerin" ze verfollegen, ass scho wärend dem Kimberly senger aktiver Zäit als Karate-Athletin geräift. Duerch de Kontakt mam Schauspiller Steve Karier an eng ganz bestëmmte Fro déi hien him gestallt huet, war et relativ séier kloer wéi et no der sportlecher Karriär weidergeet: "Hien huet mir déi hei Fro gestallt: 'Wann's du méi al bass, wäerts du et bereien wann's du et net probéiert hues?' An do huet et fir mech direkt Klick gemaach. Ech wëll net méi al sinn a soe mussen: 'Ech hat d'Chance et ze probéieren an ech hunn et net gemaach.'"

© A Mano Film
Universität der Künste Berlin
Säit 2023 studéiert d'Kimberly Darcy-Mae Schauspill op der renomméierter Universität der Künste zu Berlin. "Dee Prozess war méi schlëmm wéi iergendeng EM- oder WM-Finall", seet hatt iwwert de Bewerbungsprozess. Vu 500 Leit déi sech all Joers fir de Studiegang mellen, ginn der just zéng ugeholl.
E Schauspill-Studium op der UdK zu Berlin heescht all Woch 41 Stonne Presenz-Coursen: All Dag ee Block vu véier Stonne Schaupill an da Fächer ewéi Sprecherziehung, Akrobatik, Tai Chi oder Schauspilltheorie. Dobäi kënnt, dass een doheem vill an deels schwéieren Text léiere muss an, dass d'Kimberly niewebäi och nach Psycho am Fernstudium studéiert. Fir deen enorme Pensum ze packen, hëllefen him säin Time-Management, seng Disziplin a säin Aushalteverméigen aus senger Sportlerinne-Karriär: "Ëmmer wann ech mierken, dass et ustrengend ass, da soen ech mir 'Et ass net esou ustrengend ewéi deemools'. An dofir sinn ech mengen ech och déck easy mam ganze Cours a mam ganze Pensum. Dat heescht meng Lat läit héich an alles wat dat net erreecht, ass alles am grénge Beräich."

© Daniel Nartschick
Wéi bei all staatlecher Schauspillschoul läit de Fokus op der UdK um Theater. Trotzdeem ginn et och Filmseminarer, a beim Film ze landen ass och dem Kimberly säin ultimatiivt Zil. Och wann hatt als Karateka gewinnt war a groussen Arenae viru ganz ville Leit ze kämpfen, wier d'Gefill als Schauspillerin op enger Bün ze stoe ganz anescht. Sport ass pragmatesch an deem Sënn dass en op Resultater baséiert, Konscht ass komplett subjektiv: "Wann's du am Sport verléiers, da weess du firwat. Am Schauspill hues du dat net. Du gëss ëmmer jugéiert, och wann's du eng gutt Aarbecht gemaach hues. Well du kanns net jiddereen zefriddestellen, well jiddereen einfach ëmmer eppes aneres gesäit. Desto méi fréi's du domadder easy bass, desto méi kanns du dech dovunner trennen a méi bass du just do op der Bün an deng Figur."

© Daniel Nartschick
Aktuell Projeten
No der Hallschent vu sengem Schauspillstudium op der UdK ass d'Kimberly Darcy-Mae nach ëmmer frou. Um Schluss vu senger Karate-Zäit wier alles e bësse blurry gewiescht, elo hätt hatt seng Ziler awer kloer virun An a wéilt onbedéngt dofir schaffen, och wann et schwéier gëtt. Fir säin aktuellen Uniprojet muss d'Kimberly eng Roll komplett selwer inszenéieren. Fir déi éischte Kéier wäert hatt als Schauspillerin de Sport thematiséieren. Op senger Uni géif nämlech jiddereen hatt nëmmen als Weltmeeschterin gesinn, dat ëmmer dat Bescht wéilt sinn an net verléiere kéint: "An dat nervt mech awer e bëssen, well ech sinn wierklech net just dat, an dat ass net wat mech gepräägt huet. Well mäin Aushalteverméige kënnt net doduercher, well ech onbedéngt wollt ëmmer iwwert meng Grenze goe fir ze gewannen, mee dat ass einfach méi dovunner komm, datt ech iwwerlieft hunn an ausgehalen hunn wéi ech net méi konnt. An ech wëll gären déi Kehrseite vun der Medail weisen an hinnen och e bëssen d'An opmaachen, dass ech net just déi eng Identitéit hunn."
Ausserdeem steet am Dezember nach e groussen Ensembleprojet um Programm an eventuell kënne mir d'Kimberly Darcy-Mae och geschwënn op enger Theaterbün hei zu Lëtzebuerg erliewen.
Hei kënnt Dir dem Kimberly Darcy-Mae seng Websäit suivéieren!

© Daniel Nartschick