
© Pixabay
... 20 Joer stierft de Poopst Jean-Paul II. Hie war deen éischte Net-Italiener um Troun zanter 456 Joer. Vum uschléissende Konklav gëtt de Kardinol Ratzinger, deen de Numm Benoît XVI. unhëlt, zu sengem Successeur ernannt.
1792 gëtt an den USA den Dollar offiziell als eenheetlech Wärung agefouert. En baséiert vun Ufank un um Dezimalsystem - domat sinn d'Vereenegt Staaten dat éischt Land mat sou enger Wärung. Een Dollar sinn 10 Dimes, een Dime sinn 10 Cent. 10 Dollar entspriechen engem Eagle. D'Wuert Dollar ass iwwregens ofgeleet vun der däitscher Bezeechnung Taler.
An enger Sonnersëtzung fuerdert den US-President Woodrow Wilson 1917 de Kongress dozou op, hir isoléiert Haltung opzeginn an den Antrëtt an den Éischte Weltkrich ze beschléissen. D'USA missten um Kräizzuch vun de friddlechen Demokratien géint déi militäresch-aggressiv Autokratien deelhuelen. Béid Haiser vum Kongress stëmme mat grousser Majoritéit zou.
1963 hunn d'Mainzelmännchen hiren éischten Optrëtt. Um ZDF ginn hir Clippen tëscht de Reklamme gewisen. Déi 6 Trickfiguren heeschen Anton, Conny, Det, Berti, Edi a Fritzchen. D'Mainzelmännecher si bis haut beléift a mat sëllege Merchandising-Produiten n e wichtegen Deel vun der Corporate Identity vum ZDF.
1978 leeft an den USA déi éischt Folleg vun der Soap Opera Dallas. Ugangs als Miniserie mat 5 Episode geplangt, gëtt d'Geschicht ronderëm déi fiktiv Famill Ewing zu den erfollegräichsten Tëleesserië vun allen Zäiten. Gedréint goufen 357 Episoden an 3 Filmer, déi fir d'Ausstralung op der däitscher Tëlee jeeweils liicht gekierzt ginn.
1982 ass et den Ufank vum net deklaréierte Falklandkrich, wéi argentinesch Truppen den Inselgrupp am Atlantik besetzen. Vun deem Ugrëff iwwerrascht, kënnen d'Britten, deenen d'Inselen eigentlech gehéieren, se no a no zeréck erueweren. Ronn 900 Affer si bis den 20. Juni ze bekloen - d'Enn vum Krich wäert zum Stuerz vun der argentinescher Militärjunta féieren.
Haut virun 30 Joer geet de längste Spillerstreik an der Geschicht vum amerikanesche Baseballchampionnat op en Enn. 232 Deeg laang gouf net gespillt, well eng iewescht Grenz bei de Paie sollt agefouert ginn. Wéinst dësem Streik ware knapp 1000 Matcher ausgefall, dorënner fir déi éischte Kéier an hirer Geschicht d'World Series, d'Finall vum MLB-Championnat.