Mir wëllen ëmmer méi. Méi Erfolleg, méi Suen, méi Frënn, méi Léift. All Wonsch ass fir dem héchsten Ziel vum Liewe méi no ze kommen, nämlech dem Gléck. Gëtt een dat Wuert "Gléck" an der Google Sichmaschinn an, da kritt ee Milliounen Äntwerten. All Mënsch wëll et a kee kann et iergendwéi dauerhaft festhalen, Michèle Schons?

04/04/2025 Glécksfuerschung - Kann ee Gléck definéieren?

Den Aristoteles wosst schonn: All Mënsch wëllt glécklech sinn, an d'Striewen nom Gléck war och fir de Begrënner vun der Psychoanalyse, de Sigmud Freud 1930 an sengem Buch "Unbehagen in der Kultur" Haaptthema. Ma och haut mengt een nach ëmmer, de Sënn vum Liewe wär gutt do ze stoen, oder vill Suen um Kont ze hunn. Mir liewe jo schliisslech an enger Gesellschaft an där dës Wäerter staark vertruede sinn... Nom Motto ëmmer méi héich, méi wäit, méi séier. Deen éischten ass dee Beschten an och an der Course gëtt et nëmmen een deen dee vir ass... Eng Denkweis, déi a ville Leit verankert ass. An en Enn gëtt et net, wou ech da soen - voilà gepackt, ech hu mäin Ziel erreecht. Gléck kann een nämlech net definéieren. D'Anja Welsch, Mentaltrainerin a Psychologesch Beroderin erkläert:

Wichtig für die Glücksgefühle ist es, diesen Prozess auch schon geniessen zu können und bewusst wahrzunehmen. Letztendlich ist auch jeder seines Glückes Schmied. Gegenwärtig und im Hier und Jetzt zu sein ist tatsächlich ein Schlüssel zum Glück. Ein grosser Anteil des Unglücklichseins entsteht im Kopf, weil wir gedanklich in der Vergangenheit hadern und / oder uns über die Zukunft ängstigen.

Definéiere kann een et also net, festhale scho guer net. En dauerhafte Gléckszoustand gëtt et also net wierklech, well mol éierlech, wann een e But erreecht huet ass een e Moment glécklech, oder e puer Wochen, an da war et dat?

Déi Glécksgefiller spiert ee well Dopamin fräigesat gëtt. Eise Belounungssystem am Gehier schafft hei, wat Gefiller vun der Balance, dem Kontakt an Zefriddenheet fräi setzt. Déi Course kann een also eng Zäitche matmaachen, mee iergendwann verlaangert een nees no méi. Den Ënnerscheed ass mengen ech awer deen, dass een sech net no méi Leeschtung, Geld oder Unerkennung verlaangert, mee no méi Déift a Wouerecht.

Es gibt schon Dinge, die tragen zu unserem Glück bei. Es ist übrigens auch eine Entscheidung, mehr Glück in sein Leben einzuladen. Es ist Eigenverantwortung. Grundsätzlich muss man immer sagen - nicht alles macht jeden Menschen gleich glücklich, da muss man differenzieren. Aber es gibt schon so Basisdinge, wie gute Kontakte, gute Beziehungen, sich an kleinen Dingen freuen zu können, gegenwärtig zu sein, die generell glücklich machen.

 
Witzegerweis sinn d'Leit am glécklechsten, wann se grad net op hiert Gléck oppassen: bei der Gaardenaarbecht, beim Schnësse mat Frënn, d'Spille vun de Kanner, bastele, mole, kachen. Wien a senger Beschäftegung verdéift ass, deen ass nämlech mat all senge Sënner am elo an hei. An d'Fuerscher vun Harvard hunn iwwregens bal 90 Joer gebraucht fir dat erauszefannen.

RTL

© pixabay