Vill gescheit Käpp hunn sech schonn mol iwwert d'Gléck vum Mënsch Gedanke gemaach, dorënner och de griichesche Philosoph Aristoteles, dee behaapt huet "d'Gléck gehéiert deenen, déi mat sech selwer zefridde sinn". Ma wat ass da Gléck eigentlech a wat huet een an der Fuerschung doriwwer erausfonnt? Michèle Schons:

04/04/2025 Glécksfuerschung - Kann ee Gléck festhalen?

Am Fong geet et am Kär vu ville Spréch a Wäisheeten dorëms, dass Gléck d'Resultat vun enger Astellung bannendran ass an an der Generositéit de Schlëssel zu engem gléckleche Liewe läit. Gléck fillt sech dacks flüchteg un. Esouguer e Gewënn am Lotto oder en neien Auto si kuerz Ablécker vu Gléck. Gléck ass aus Neurowëssenschaftlecher Perspektiv eng Iwwerschwemmung am Gehier mat Botenstoffer, wéi d'Lernforscherin vu Motivatioun a positiver Psychologie Michaela Brohm-Badry vun der Uni Tréier, déi gäre "Glécksfuerscherin" genannt gëtt, eis erkläert huet.    

Das sind Neurotransmitter, wie Dopamin, Serotonin, Oxitocin, oder auch Endorphine. Das sind Opiumähnliche Stoffe, die aus Vorfreude auf etwas ausgestossen werden, oder aus Freude auf etwas Gutes, jetzt, hier und in diesem Moment, wenn wir einen geliebten Menschen treffen, oder ein Ziel erreichen.  

D'Glécksfuerscherin entwéckelt Fuerschungsfroen zu Wuelbefannen a Motivatioun, wou Date gesammelt, ausgewäert a publizéiert ginn. Déi permanent Weltkrisen an elo och nach déi däischter Wanterzäit, si Saachen déi ville Leit op d'Gemitt schloen, a wou een sech d'Fro berechtegt stelle muss: Kann ee permanent glécklech sinn?

Traurigkeit und Wut gehören ganz normal zum Menschsein dazu. Es sind Ventile der Seele. Und dazu kommen auch noch Gefühle die evolutionär unser Leben gesichert haben: Ekel ist wichtig zum Erbrechen, Angst ist wichtig um zu fliehen, Wut um anzugreifen. Schwierig ist nur, dass wir uns viel zu stark darauf ausrichten. Negatives ist meist viel Dominanter in unserem Leben und unserem Denken, als Positives.  

Beim Gléck geet et drëms eng Balance ze fannen an och ze kucken wat da gutt a positiv an eisem Liewen ass, wat sinn déi verstoppte Kaddoen, déi esou eng Situatioun engem bréngt. Hei kann ee kleng ufänken. Et ginn e puer einfach Saachen, zum Beispill andeems ee kuckt, woufir een Dankbar ka sinn, Bezéiungen zu léiwe Mënsche fleegen a mat engem But no vir kucken, sech froen: - Wat wëll ech haut, dës Woch, oder dëst Joer erreechen? Glécksgefiller kënnen och e gegléckten Neistart ervirruffen.

De Courage fir anescht ze denke kann een also léieren an d'Gehier ass genee esou wéi all anere Muskel, deen trainéiert ka ginn, wann een seng Perspektive vergréissere wëllt.

RTL

© pixabay