Jo déi lescht Deeg gesäit een d’Sonn jo e bësse méi dacks a vill Leit fänke scho mat der Fréijoersbotz un. Do gehéiert natierlech och den Auto dozou, well nom knaschtege Wanter brauch dee mol eng anstänneg Wäsch fir d’Salz an de ganze Bulli a Stëbs lasszeginn. Wien säin Auto selwer botzt, dee muer awer lo net an deier Produiten investéieren, mee kann och mat Mëttelen aus dem Haushalt op e gutt Resultat kommen. D’Céline Spithoven huet e puer Tipps vir eis zesummegefaasst.

31/03/2025 Hausmëttel Autobotz

  Ma komm mir fänke mol direkt bei de Fënsteren un, do gesäit een den Dréck a Sträife mat der Sonn nämlech besonnesch gutt. Amplaz Fënsterspray ze kafen, kann een och einfach eng Zwiwwel an zwee schneiden an domat iwwert d’Fënster fueren. Domat kritt een Dreck a Polle vun der Fënster, a souguer Fettflecke ginn domat fort. Duerno just mat Waasser driwwer an d’Fënster ass propper. Fir beim Dréchne keng Sträifen ze maachen, kann een Zeitungspabeier benotzen. Dëst hëlt nämlech duerch d’Pore vill Flëssegkeet op an hannerléisst domat e bessert Resultat wéi Botzlompen.  

Nieft der Zwiwwel kann och d’Gromper beim Botzen hëllefen. An zwar sinn d’Wischeren duerch d’Keelt an d’Salz nom Wanter dacks e bëssen ugeschloen a maachen d’Fënster net richteg propper. Amplaz de Gummi direkt ze ersetzen, soll een eng Gromper opschneiden an domat iwwert de Gummi fueren. Dëst mécht de Gummi rëm richteg geschmeideg an de Wischer quiitscht net méi a wëscht fir eng Zäitche rëm besser.  

Wien en alternatiivt Mëttel sicht fir den Auto ze poléieren, soll et einfach mol mat ganz einfacher Zahnpasta versichen. D’Felgen deck domat acrèmen a mat engem Duch driwwer. Sou kritt een och méi haartnäckegen Dreck ewech.  

An e klengen Tipp fir d’Karosserie bëlleg an ouni Schréips propper ze kréien: Versicht et mol mat eng Collant amplaz vun deieren Autoschwämm a spezielle Lompen.

Da gi mir eriwwer an de Banneraum vum Auto. Natierlech kann een och hei op déi deier Botzproduiten zeréckgräifen, ma wotlecht Waasser an e bëssen Zitrounejus maachen et och. Dat kann een natierlech och am Haushalt mol probéieren.  

An e klengen Tipp fir déi Leit, déi am Auto fëmmen oder wou e komesche Geroch aus der Klima kënnt. Doftbeemercher an Autoparfum kann net alles iwwerdecken, ma do kënnt de Kaffi an d’Spill. Dësen  neutraliséiert nämlech Geréch ouni selwer en Doft ze hannerloossen. Einfach eng Dous Kaffispolver an den Auto stellen an dëst iwwer Nuecht wierke loossen. A scho richt den Auto manner. An domat wier den Auto da rëm prett  fir d’Fréijoer an den een oder aneren Tour.