
© Ebay
... 129 Joer kënnt déi éischte Gazzetta dello Sport eraus. Mat hirem rosae Pabeier ass se déi eelste Sportszeitung vun der Welt. D'Ausgab nom italieenesche Futtball-WM-Titel vun 2006 hat 2x musse nogedréckt ginn, an hat sech 2,3 Millioune mol verkaaft.
1888 gëtt am Londoner Staddeel Whitechapel eng Fraeläich fonnt. An de Méint duerno kommen 10 weiderer dobäi, sou dass d'Press geschwë vum Seriemäerder Jack the Ripper schwätzt. Verdächteger ginn et der vill, e Mäerder kann awer ni gefaasst ginn, sou dass Historiker a Kriminologe bis haut wëll doriwwer spekuléieren.
Den US-President Harry Truman ënnerschreift 1948 de sougenannte Marshallplang, fir Westeuropa nom Zweete Weltkrich nees opzebauen. Dëse European Recovery Program ass no sengem Erfinder benannt, nom amerikaneschen Ausseminister George Marshall. Bannent 4 Joer ginn Hëllefen am Wäert vu gutt 13 Milliarden Dollar bereet gestallt.
Den Entwécklungschef vu Motorola féiert 1973 den éischten Appell iwwert e mobillen Telefon duerch. Dem Martin Cooper säin Apparat ass e Prototyp, dee méi wéi e Kilo weit an de Spëtznumm Zill huet. Domat steet hien zu Manhattan op der 6. Avenue a rifft als éischt sengem Konkurrent bei Bell Labs un, deen och um System vun der mobiller Telefonie doktert.
An den USA an a Kanada kënnt et 1974 zum sougenannte Super Outbreak. A 14 Bundesstaate gi bannent 24 Stonne 148 Tornadoe gezielt. Wärend dem Héichpunkt si 15 Wierbelstierm gläichzäiteg aktiv - ronn 330 Leit kommen ëm d'Liewen. 2011 wäert eng Outbreak-Serie mat 241 Tornadoen e neie Rekord opstellen.
1996 gëtt am US-Bundesstaat Montana de sougenannte Una-Bomber festgeholl. En Terrorist, deen zeréckgezunn am Bësch wunnt a wärend 17 Joer Bréifbommen duerch d'Land schéckt. 3 Persoune kommen dobäi ëm, 23 weiderer gi blesséiert. Hie gëtt zu 8x liewenslänglechem Prisong verurteelt. De Begrëff vum Una-Bomber kënnt dohier, dass en seng éischt Bommen un Universitéiten a Fluggesellschafte geschéckt hat (universities ’n’ airlines).
2007 fiert een ëmgebauten TGV e neie Vitessrekord fir Gefierer op Schinnen. Um Tronçon tëscht Paräis a Stroossbuerg erreecht den 108m laangen Zuch eng Maximalvitess vun 574.8 km/h. U Bord si nieft 60 Techniker och nach gutt 50 Éieregäscht an 105 Medievertrieder a Politiker.
2016 kommen d'Panama Papers eraus. D'Fuite vu méi wéi 11,5 Millioune vertraulechen Dokumenter aus engem Affekotebüro a Panama bréngt Informatiounen iwwer méi wéi 214.000 Offshore-Gesellschaften un d'Liicht, dorënner vill Nimm vu bedeelegte Politiker, Sportler a Promien.