Fir déi eng ass Musek just Entspanung, eppes wat am Hannergrond matleeft. E gudde Rhythmus, eng Melodie, déi hänke bleift. Anerer fokusséieren sech méi op d’Texter. Et muss eng Bedeitung hunn oder eng Geschicht erzielen. Ma eng Partie Lidder, déi een dacks héiert a wou een einfach mol matsummt, hunn awer e méi oder manner verstoppte Message. D’Céline Spithoven huet eis mol e puer Beispiller matbruecht. Gudde Moie Céline, mat wat fänke mir dann un?