
© pixabay.com
Autofuerer opgepasst! Duerch déi méi mëll Temperature sinn d'Mouke aus hirem Wanterschlof erwächt a suergen aktuell fir den néidegen Nowuess. An dat bréngt mat sech, dass si sech zesummen op de Wee a Richtung Waasser maachen an dofir eben och dacks op eise Stroossen unzetreffe sinn. Dat net ouni Gefor.
Effektiv, op enger Strooss wou zum Beispill nëmme ronn 10 Autoen d'Stonn fueren, kënne bis zu 30% vun de Mouken stierwen déi grad do ënnerwee sinn. Dat ass bal een Drëttel! An dat net nëmme well se ënnert d'Pneue kommen, och de Loftdrock vun de Pneue wann ee séier laanscht se fiert, ka se well ëmbréngen. Tom Van den Bossche vun natur&ëmwelt:
"D'Stroossen an d'Mouke sinn absolut keng Frënn an dat ass och déi gréissten Hürd fir d'Mouken an hirer Wanderung. Ech mengen zu Lëtzebuerg hu mer enorm vill Stroossen déi eis Landschaft zerschneiden a wann d'Mouken iwwert déi Stroosse ginn, da si se net ganz séier ënnerwee. Si brauchen oft eng hallef Stonn, wann net souguer méi laang, fir eng Strooss ze iwwerbrécken."
Deemno ass et den Appell vun natur&ëmwelt an der Administration de la nature et des forêts un all Autofuerer grad Owes an Nuets méi lues ze maachen an op d'Mouken opzepassen.
"Mat der ANF probéiere mer halt Saachen ëmzesetzen an Dispositiffen a Plaz ze setzen fir de Mouken ze hëllefen, ob een net Moue-Barriäre kéint opstelle fir se e bëssen ze guidéieren, se vläicht op enger Plaz eriwwer ze loosse wou se méi sécher iwwert d'Strooss ginn. Och d'Leit am allgemengen ze sensibiliséieren, Panneauen opzestelle fir dass et engem bewosst gëtt, dass op där Strooss net nëmmen Autoe si mee och Déieren."
Ma dofir ass et awer fir d'éischt mol wichteg erauszefannen ob wéi enger Plaze d'Mouken am meeschten iwwert d'Strooss ginn.
"Mir si ganz frou wann d'Leit eis Plaze melle wou d'Mouken an där ganzer Wanderung iwwert d'Stroosse ginn. Dat kënne se entweder iwwert e Formulaire dee si bei eis um Site fannen, op naturemwelt.lu, oder an der Applikatioun vun iNaturalist. Do kann een dann och Mouken an aner Déieren déi ee gesäit, mellen an do zéie mir d'Informatioun eraus wou dann déi gréisst Passage vun de Mouke sinn."
Donieft kann ee sech awer och un d'Voirie wende wann een eppes gesäit well si si schlussendlech déi, déi Barrièren oder sougenannte "crapauducs", also Tunnelle fir d'Mouke kënne virgesi fir dass dës sou sécher wéi méiglech iwwert d'Strooss ukommen.
D'Mouke-Wanderung dauert am Prinzip nach bis Enn Abrëll, jee no Wiederkonditiounen. Et gëllt deemno virun allem Owes an Nuets d'Aen opzehalen a seng Vitess unzepasse wann ee mam Auto ënnerwee ass.